Rüdiger Hoffmann Best Of – Den 18. Dezember 2021 am Trifolion

„Gott a Papp vun der däitscher Comedy“, „Superstar vun der Spaassgesellschaft“ – esou géif sech de bescheidene Rüdiger Hoffmann natierlech nimools selwer bezeechnen. Trotzdeem gehéiert de Komiker säit Joerzéngten zu den absolutten Top-Kënschtler an der Zeen. D’Resultat vu senger ongebrachener Popularitéit: Gëlle Schallplacken, eng treit Milliounepublikum a vill Bünepresenz.

Elo kënnt de Kabarettist e Samschdeg, den 18. Dezember 2021 um 20 Auer an der Trifolion zu Iechternach an hëlt säin opgrond vun der laang unhalender Corona-Pandemie verréckelten Optrëtt vun 2020 no. Scho kaaften Ticketen behale fir d’Show am Dezember hir Gültegkeet. Weider Kaarte sinn nach ze kréien.

Bei sengem Gaaschtspill bitt den Hoffmann alle Fans vu gudder Comedy déi voll Dröhnung: Mat engem gutt gefëllte „Best Of“ vu senger Kreatioun. Den „Entdecker vum Luesen“ presentéiert zwou Stonne laang e legendäre Comedy-Highlight nom aneren. Mat dobäi sinn natierlech beléifte Figure wéi de Malte, d’Birte, den Olaf a vill anerer. De gesamten héichkomesche Kosmos vum Rüdiger Hoffmann un engem eenzegen Owend – Méi geet net!

Ticketen ginn et op www.kultopolis.com, www.luxembourg-ticketk.lu an iwwert d’Ticket-Hotline (+352) 47 08 95 1.

Dernières nouvelles