Schléissung vun der Rue d‘Alsace (12.-14.11.2021) an dem Pont Buchler (14.11.2021)

Am Kader vum Reamenagement vun der Bréck Jean-Pierre Buchler wäert de Stroossebelag vun der Rue d‘Alsace erneiert sou wéi Upassungen un de Luuchten an de Markéierungen tëscht der Bréck an der Ofzweigung vun der Route de Thionville duerchgefouert ginn.

Heivir wäerten d‘Rue d‘Alsace an d‘Rue Wenceslas 1er vu Freides, den 12. November géint 20 Auer bis Sonndes, de 14. November bis 14 Auer gespaart sinn. Och d‘Bréck Jean-Pierre Buchler wäert tëscht der Gare an den ëstlechen Sortien/Accèsen vun der Penetrante Sud Sonndes, de 14. November vu 5 bis 14 Auer zou sinn.

D‘Zoufaart zur Route de Thionville a Richtung Rocade/Bouneweg bleift accessibel fir den Trafic, dee vum Houwald kënnt. Dat selwecht gëllt fir d‘Sortie vun der Penetrante Sud, wann ee vum Rond-point Gluck kënnt an a Richtung Route de Thionville op den Houwald fiert.

Den Zirkulatiounsservice wäert sech ëm eng adequat Beschëlderung vun der Ëmleedung këmmeren.

rue d'Alsace

Fir den ëffentlechen Transport (AVL-Linnen) gëlle folgend Ännerungen:

Vu Freides, den 12. November um 20 Auer bis Sonndes de 14. November um 14 Auer:

  • Den Arrêt Alsace vun de Linnen 13, 18 an 23 entfält a béid Richtungen. Ersatz gëtt gebueden duerch den Arrêt Rue de Hollerich Fonderie;
  • Tëscht dem Quartier Gare an dem Arrêt Gaasperecher Bierg gëtt d‘Linn 18 iwwert d‘Hollerecher Strooss an d‘Escher Strooss ëmgeleet. D‘Haltestellen Lascombes an Hollerich-Gare entfalen a ginn duerch d‘Arrêten Assurances Sociales (Quai 1 (route d‘Esch) a Richtung Gare an de Quai 2 (rue de l‘Aciérie) a Richtung Kockelscheier), sou wéi engem provisoreschen Arrêt an der Escher Strooss um Eck vun der Rue Maurice Barrès ersat;
  • Tëscht dem Garer Quartier a Gaasperech ginn d‘Linnen 13 an 23 a béid Richtungen duerch d‘Hollerecher Strooss, d‘Escher Strooss an d‘Rue de la Déportation ëmgeleet. Hei fuere si d‘Arrêten Lascombes an Hollerich-Gare vun der Linn 18 un;
  • D‘Nuetslinn CN2 gëtt ab Bouneweg (Arrêt Léon XIII) iwwert de Rangwee an de Rond-point Gluck op Gaasperech ëmgeleet. D‘Haltestellen Dernier Sol, Alsace, Déportation a Millewee entfalen.

Freides, de 14. November vu 5 bis 14 Auer:

  • Linn 28 ab dem Houwald, P+R Lux-Sud a Richtung Hesper, Cité um Schlass: Tëscht der Gare an dem Rangwee gëtt dës Linn iwwert d‘Avenue de la Gare, d‘Rocade/Bouneweg an d‘Rue du Cimetière ëmgeleet. D‘Haltestellen Dernier Sol Quai 2, Hippodrome Quai 2 an Neufchâteau Quai 2 entfalen a ginn ersat duerch d‘Arrêten Léon XIII Quai 2, Willibrord Quai 2 an LT de Bonnevoie Quai 6;
  • Linn 28 ab Hesper, Cité um Schlass a Richtung Houwald, P+R Lux-Sud: Ab dem Arrêt Dernier Sol Quai 1 gëtt dës Linn ëmgeleet iwwert d‘Rocade/Bouneweg, d‘Rue de Bonnevoie an d‘Avenue de la Gare. Hei entfält keen Arrêt, allerdéngs sollt een e bësse méi Zäit arechnen;
  • D‘Linn 29 huet säi Start- an Endpunkt bei der Gare. D‘Arrêten Neufchâteau, Hippodrome, Dernier Sol an LT de Bonnevoie entfalen a béid Richtungen.
Dernières nouvelles