Do hat wuel ee vergiess ze raumen, ier d’Beamte kommen

Zu Limbach-Oberfrohna koum et zu engem kuriéise Policeasaz. En 53-järege Mann hat eng am Kanälli, biet beim Noutruff ëm Hëllef, vergësst awer seng Waffen an Nazi-Devotionalien ewechzeraumen. Géint hie gëtt elo ermëttelt.

Um Telefon hat de Mann den Androck gemaach, duerchenaner ze sinn. Wou d’Beamte bis op der Plaz waren hu si misse feststellen, datt den Här keng dréngend Hëllef gebraucht huet. Dofir sinn si awer an e reegelrechte Musée aus Waffen, schaarfer Munitioun a Géigestänn mat Bezuch zum Nationalsozialismus agetrueden.

De Bewunner gouf zur Sécherheet an d’Spidol bruecht, d’Wunneng geséchert an den Dag drop méi genee ënnert d’Lupp geholl. Beschlagnamt goufen e Patrounegurt mat deels schaarfer Munitioun, en Totschläger, e Messer dat an enger Géihëllef verstoppt war an e Butterflymesser. Dobäi kommen dräi Schlagréng, wouvun der zwee eng schaarf Kléng haten, sou wéi zwee Schlagmesser.

Kuriéisen Asaz zu Sachsen
© Polizei Sachsen

Säi Waffenarsenal, dat net nëmmen zur Dekoratioun mee tatsächlech och zur Notzung geduecht war, huet de Mann fräiwëlleg hierginn. Ob et sech beim 53 Järegen ëm en Neonazi handelt, oder hie just e passionéierte Sammler vun Objeten aus der NS-Zäit ass, steet net fest. Allerdéngs goufen och dës Géigestänn vun der Police konfiszéiert.

Bis ewell ass den Däitschen net negativ opgefall gewiescht. Fir erauszefannen wou d’Waffen hierkommen a méi zu den Hannergrënn gewuer ze ginn, goufen Ermëttlungen ageleet.

Dernières nouvelles