20 gratis zertifiéiert Schnelltester fir Salariéeën mat éischter Impfdosis

Ab dem 15. Januar 2022 gëtt den 3G-CovidCheck op der Aarbecht zur Obligatioun. An dësem Kader ginn de Salariéeën, déi hir éischt Impfdosis scho kritt hunn an op déi Zweet waarden, 20 Code fir gratis zertifiéiert Schnelltester zur Verfügung gestallt. Iwwer 200 Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi ginn dofir an de 5 Testzentren agesat.

Gëschter huet de François Bausch, Vize-Premier a Verdeedegungsminister, zesumme mam Generol Steve Thull, Stabchef vun der Lëtzebuerger Arméi an dem Colonel Yves Kalmes, Commandant des Forces, d’Campagne vun de Schnelltester presentéiert. Mam Unhuele vum Gesetzesprojet 7924 an der Chamber soll duerch de Prinzip vum Geimpft – Genesen – Getest fir méi Sécherheet am Aarbechtsëmfeld gesuergt ginn.

Well den 3G-Regimm just mat entspriechendem Zertifikat funktionéiert an et esou net méiglech ass, e Schnelltest virum Gebai wou e schafft ze maachen, sollen déijéineg, déi hir éischt Dosis vum Covid-19-Impfstoff scho kruten, ënnert d’Ärem gegraff kréien.

Ab dem 10. Januar 2022 kënne betraffe Persounen hir Rendez-vousen op www.covidtestling.lu fixéieren. E Rendez-vous ass iwwregens Flicht fir vun de Coden ze profitéieren. Am Testzenter muss d’Confirmatioun an d’Carte d’Identité virgewise ginn. Den Zertifikat ass da fir 24 Stonne gülteg.

Vum 15. Januar bis den 28. Februar 2022 sti folgend 5 Testzentren zur Auswiel:

  • Parking Luxexpo-Sud um Kierchbierg
  • P&R Sud um Houwald
  • Parking beim Rond-point Raemerich
  • Industriezon ZANO um Fridhaff
  • Kulturzenter Jonglënster

En zertifiéierte Schnelltest kritt een op dëse Plazen

  • Vu Méindes bis Donneschdes vu 6 bis 20 Auer
  • Freides vu 6 bis 13 Auer a vu 16 bis 20 Auer
  • Samschdes vu 6 bis 10 Auer a vu 16 bis 20 Auer
  • Sonndes vu 6 bis 10 Auer a vun 13 bis 20 Auer
Dernières nouvelles