Jonk Schoulofbriecher: D’Sich no Alternativen oder dach zeréck an d’Schoul?

D’Schoul wärend dem Joer, respektiv ouni Ofschloss an der Täsch ze verloossen ass net onbedéngt déi schlausten Iddi. Allerdéngs muss sech dës Decisioun net nohalteg op d’Zukunft vun de Jonken auswierken. De Rapport „Jeunes décrocheurs et jeunes inactifs au Luxembourg“ beweist, datt eng ganz Rei Schoulofbriecher nees zeréck an d’Course ginn, respektiv aner Chancen notzen en Diplom oder Zertifikat ze kréien.

Wéi den Educatiounsministère matdeelt, hätten am Joer 2016/2017 am Ganzen 1.720 Schüler (8,15%) d’Schoul fréizäiteg verlooss, esou och am Joer drop. Eng Baisse gouf et 2018/2019 mat 7,42% a 6,92% fir 2019/2020. Am vergaangene Schouljoer sollt den Taux nees klammen, an zwar op 8,20%, wat 1.736 Schüler representéiert. Besonnesch Redoublanten, Jongen a Schüler vun der 9e an 10e géifen en héije Risiko fir e Schoulofbroch opweisen.

Ma, en Deel vun de Schoulofbriecher hu sech schliisslech nees nei am Lycée ugemellt. Besonnesch bei de 16 bis 18 Järegen ass den Taux am Héchsten:

Jonk Schoulofbriecher

Anerer hu vu Méiglechkeeten wéi Ausbildunge profitéiert, wärend am Joer 2020/2021 ganzer 1.293 jonk Schoulofbriecher vum SNJ begleet goufen. Hei krute si d’Méiglechkeet als Benevole aktiv ze sinn (dovunner hunn am vergaangene Schouljoer 2.532 Jonker profitéiert), un Atelieren deelzehuelen (323 Jonker hu sech heivir entscheet) oder bei Stage matzemaachen (182 Jugendlecher ).

Annexe:

Dernières nouvelles