Méi sozial Mesure fir Kënschtler an déi kulturell Aushëllefen

Op den 23. November, huet d‘Kulturministesch, Sam Tanson, de Gesetzprojet zur Modifikatioun vum modifizéierte Gesetz vum 19. Dezember 2014, betreffend: 1) déi sozial Mesuren zum Benefice vun den onofhängege berufflechen Artisten an den Aushëllefen (Intermittents) vum Spektakel; 2) d‘Promotioun vun der artistescher Kreatioun.

D‘Covid19 Pandemie an déi successiv Confinementer hu bewisen, datt d‘Kultur eng essentiell Plaz an eiser Gesellschaft huet, well esouwuel ee Vecteur vum Dialog tëscht de Bierger, wéi ee Moyen zur Reflexioun iwwert déi human Konditioun an enger zäitgenëssescher Gesellschaft ass, déi sech Erausfuerderungen ze stellen huet. Et ass primordial ee Kader an Hëllefe fir d‘Beruffskënschtler ze schaffen déi de kulturelle Secteur liewen dinn a vun hirer Konscht liewe wëllen.

Ugesiichts der Evolutioun vum kulturelle Secteur an de leschte Joren, sinn eng Rei Mesure vum uewe genannte Gesetz, net méi Zäitgeméiss. Si entspriechen net der Situatioun deenen sech hei d‘Kënschtler an d‘Intermittenten ze stellen hunn.

D‘Ministesch ënnersträicht datt et „drëms geet d‘Aarbechtskonditioune vun de Beruffskënschtler an den Intermittente zu Lëtzebuerg ze verbesseren, an esou déi kënschtleresch Kreatioun ze ënnerstëtzen. Mir wënschen eis d‘Fërderung vun der Professionaliséierung vun der kultureller Zeen mat dësem Gesetzprojet. Mir wëllen och de legale Regimm zu den Aarbechtskonditiounen um Terrain an d‘Vereinfachung vun den administrativen Demarchen“.

Zu den haaptsächleche Modifikatiounen déi sech bei den onofhängege Beruffskënschtler uwennen, behält een zeréck, d‘Kierzung ëm 1 Joer, respektiv d‘Dispens (fir déi Leit mat engem Universitéit-Diplom) vun der Referenzperiod, déi der Demande virausgeet. Dozou kënnt nach d‘Berécksiichtegung vum medianen Akommes dat op déi zwee de Demande virausgoend Joren, esou wéi d‘Erhéijung vun der Periode vum Benefice vun den Hëllefen, bis zu 24 Méint fir déi éischt an zweet Demanden, an bis zu 36 Méint ab der drëtter Demande.

D‘Montante vun de méintlechen Hëllefe sollen dann och no uewe korrigéiert ginn: d‘Indemnitéit kann dann d‘Revenue vum Beneficiaire opstocken, dat bis 1,5 mol de soziale Mindestloun fir qualifizéiert Aarbechter (SSM-TQ). De Montant vun der Indemnitéit kann awer net iwwert dem SSM-TQ. Si zudeem op 6 Mol den SSM-TQ plafonéiert.

Fir d‘Intermittente vum Spektakel, gëtt den de Krees vun der Uwennung erweidert, esou dat méi Beruffer an Aktivitéiten (wéi beispillsweis Formatiounen an pedagogesch Aktivitéiten) déi sech ronderëm de liewege Spektakel artikuléieren. D‘Méiglechkeet vun enger Suspensioun vun der Period zur Admissioun fir de Benefice vun de Hëllefen (am Krankheetsfall, Maternitéitscongé, Elterecongé, asw) gëtt agereecht an d‘Incompatibilitéite mam Regimm vun den Hëllefen, wéi notamment déi accessoire berufflech Aktivitéite ginn am Gesetz regruppéiert a clarifiéiert. En numeresche Carnet ersetzt d‘Pabeierversioun vum Dokument, fir déi administrativ Demarchen ze vereinfachen, déi Demandeuren erfëlle mussen.

De Gesetzprojet ass d‘Fruucht vum Dialog tëscht de verschiddene Representante vun der artistescher a kultureller Zeen, déi Enn 2019 mat enger ëffentlecher Consultatioun lancéiert gouf an déi zum Zweck hat d‘Reflexiounen zum Notze vun der Adaptatioun vum genannte Gesetz ze instruéieren. D‘Reform vum Gesetz ass och den Objet vun der Recommandatioun 23 aus dem Kulturentwécklungsplang 2018-2028 (KEP). Déi dréit op d‘Noutwennegkeet d‘Evolutioun vun de Besoine vun den Artisten an Intermittenten ze berécksiichtegen an d‘Gesetz esou unzepassen, datt et sech besser de Liewenskonditiounen unhëlt.

matgedeelt vum Kulturministère, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Annex: Présentation du projet de loi portant modification de la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle 2) à la promotion de la création artistique

Dernières nouvelles