D’S.d.S. Sport-Wochen vun der Stad Lëtzebuerg

Vum 18. Juli bis den 2. September 2022 bitt de Sportsservice vun der Stad Lëtzebuerg e grousse Programm u sportlechen Aktivitéite fir Jonker tëscht 11 a 17 Joer un. Wärend de sougenannten „S.d.S Sport-Wochen“ gi verschidde Sportaarte virgestallt, Stagen ugebueden an de Participanten méi iwwert e gesond Liewen bäibruecht.

Dobäi sinn d’Sport-Wochen op déi ënnerschiddlech Altersgruppen ugepasst. Souwuel zu Lëtzebuerg, wéi och am Ausland ginn Aktivitéiten ugebueden, dat och deelweis mat Iwwernuechtungen. Fir déi Jonk ass dat net nëmmen eng super Méiglechkeet der Energie lass ze ginn, mee och Frëndschaften ze schléissen.

Um Programm stinn d’Mini Sport-Woche fir 11 bis 12 Järeger, déi aus „Mini Multisports“, „Mini Multisports Nautiques“, „Mini Sailing“ (an Holland) a „Mini Max Sports“ bestinn.

Fir Jonker tëscht 13 a 17 Joer gi Stagen am Klammen, Mountainbike, Reiden, Kampfkonscht, Waassersport, Multisport, Wakeboard, Danzen an Aktivitéiten op Rieder (BMX, Karting, VTT, Skateboard,…) ugebueden.

Zanter 38 Joer bitt de Sportsservice dës aktiv Wochen un a stellt soumat och en adequaten Encadrement sécher. All Trainer sinn am Besëtz vun engem unerkannte Brevet, organiséiert ginn d’Sportswochen och mat zuelräiche Sportsclibb aus dem Land.

Interesséiert Persoune solle sech elo schonn beim Biergerzenter, am Stater Gemengenhaus, an der Rocade, beim Sportsservice oder iwwert sports.vdl.lu aschreiwen. D’Formulaire mussen u mschaal@vdl.lu oder ldupont@vdl.lu, respektiv un d’Adress vum Sportsservice (90, Boulevard de Kockelscheuer L-1821 Lëtzebuerg) geschéckt ginn. Fir Persounen, déi net an der Stad wunnen, ass den Tarif liicht méi héich.

Dernières nouvelles