2 x 3 Spueren fir d’A3

Zukünfteg soll d’A3 aus 2 x 3 Spuere bestoen. An dësem Kader fänken ab dem 18. Januar d’Preparatiounsaarbechten tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem a béid Richtunge un.

Heivir huet d’Stroossebauverwaltung ëm 4 Wochen virgesinn. Deelweis wäert d’Noutspuer gespaart ginn.

Am Sënn vun der Ëmwelt wäerten och Kompositiounsaarbechte geleescht ginn. Esou ginn zousätzlech zur Wëldbréck nei Beem geplanzt a Liewensraum fir d’Hieselmaus kreéiert. Am Ganze sollen 180 Nistkästen installéiert.

Dernières nouvelles