Stelise presentéiert „Emptiness“: Wann d’Eidelt nach méi eidel gëtt

D’Lëtzebuerger Museker vu Stelise, enger melodescher Rockband mat Trip-Hop-Aflëss, sinn zeréck mat engem neien ale Lidd. Mat „Emptiness“ gräife si d’Thema vum Eleng-Sinn an Zeréckgelooss-Ginn nees op, dat awer an engem ganz anere Stil.

Et ass en Titel, deen dem engen oder aneren iergendwou hier bekannt dierft virkommen, an domat läit ee guer net emol esou falsch. Op hirem éischten Album „If there is an escape“ vun 2018 war d’Wierk „Empty“ ze fannen, e relativ melancholescht Lidd voller Sehnsucht a Solitude, awer enger vergläichbar lieweger Melodie.

Fir „Emptiness“ wollt de Grupp net um Text fréckelen, dofir awer de komplette Stil änneren. Esou erschéngt engem dës Versioun nach e Stéck méi bedréckt an ouni Hoffnung. Zeilen wéi „Du léiss mech eidel fillen, mee ech denken dat ass et, wat ech verdéngen“ gi begleet vun enger Gittar, déi wärend dem Refrain zesumme mat der Sängerin Elise Nunes kräischt.

Zënter dem 26. November 2021 ass „Emptiness“ online. Dëst Wierk wäert och um nächsten Album erëm ze fanne sinn, den 2022 erauskënnt.

Dernières nouvelles