„Stille Stunde“ am Supermarché: E Schwäizer Pilotprojet fir Autisten

Beim Akafe komme vill Sënnesandréck beieneen, déi fir déi eng Persoune kee Problem duerstellen, fir Autisten awer eng richteg Erausfuerderung kënne sinn. An dësem Kader gouf d’Initiative vun der sougenannter „Stillen Stunde“ a Schwäizer Supermarchéen an d’Liewe geruff.

Nieft den übleche Geräischer vun de Clienten an de Mataarbechter ass et d’Kombinatioun aus verschidde Luuchten, Duerchsoen a Musek, d’GeBeeps un der Keess an och Reklammen op Bildschiermer, déi bei Mënsche mat Autismus fir Stress an Iwwerfuerderung suergen.

Inspiréiert un engem Konzept aus Neiséiland, wou 180 Filialen eng roueg Stonn agefouert hunn – dat duerch d’Iddi vun engem Mataarbechter aus engem Supermarché, deem säin autistesche Jong beim Akafe komplett iwwerfuerdert gouf – huet de Veräin „Autismus deutsche Schweiz“ (ads) am August 2020 säi Pilotprojet lancéiert.

An zuelräiche Butteker vun der Handelskette SPAR ginn 2 Mol d’Woch d’Luuchte gedimmt, respektiv onnéideg Beliichtung ausgemaach. T’gëtt weder Musek lafe gelooss, nach Duerchsoe gemaach. D’Bildschiermer bleiwe schwaarz, Wuere ginn an där Zäit keng ausgepaakt an ageraumt. Generell kann ee soen, datt esou vill wéi méiglech Reizer ewechgeholl ginn.

Esou huet ee Betraffenen erkläert: „Déi „Stille Stunden“ hunn et mir erméiglecht, ganz eleng anzekafen. E Meilesteen! Meng Ergotherapeutin, déi och schonn an engem anere klenge Buttek mat mir war (ouni Upassungen) konnt guer net gleewen, wéi entspaant et fir mech war. Déi reizaarm Ëmgéigend ass dramhaft an erméiglecht mir e ganz neit Feld, an deem ech selbststänneg ka sinn.“

Ma, fir d’Supermarchéen wier et finanziell weder e Verloscht, nach e Gewënn. Wichteg wier et awer en Zeechen ze setzen an ze weisen, datt et guer net esou schwéier ass, sech u verschidde Besoinen unzepassen.

Dernières nouvelles