Stranger Things

Stranger Things ass eng US-amerikanesch Science-Fiction-Mysteryserie, déi de 15. Juli 2016 hiren groussen Optrëtt bei Netflix hat.

D’Serie spillt an den 80er Joren, den Handlungsstrang ass dat fiktiivt Duerf Hawkins an Indiana. Ma et lauert awer nach vill hannert de Kulissen a Gebaier. Am Mëttelpunkt stinn véier Frënn, déi d’Bekanntschaft mam mysteriéise Meedchen Elfi maachen. Hat verfüügt iwwer psychokinetesch Fäegkeeten.

Lues a lues frënnen si sech un an fannen eraus, datt aussergewéinlech Ereegnesser stattfannen. Dës weideren mécht d’Regierung geheim a grausam Experimenter.

Fir Nostalgiker fanne sech zuelräich visuell Referenzen u bekannte Filmer aus de 70er an 80er Joren. Dozou gehéieren « Die Goonies, E.T., Alien, Stand by Me, Poltergeist, Joey, Shining, Unheimliche Begegnung der dritten Art an Zurück in die Zukunft an nach anerer.

An elo geet dem Eleven säi Kampf an déi final Ronn … Wäert hatt den Endboss packen?  D’Staffel ass an zwee Deeler opgedeelt – mir kréien all eis Äntwerten eréischt den 1. Juli zerwéiert.

Ma dat packe mir och nach.

D’Fro ass also – gewënnt Gutt géint Béis? Gëtt d’Gläichgewiicht tëscht de Welten erëm hiergestallt? Oder mussen d’Frënn nach weider Verloschter erliewen? Oder ass et endlech un der Zäit ze liewen.

Sou richteg, ouni sech dauernd ëmzedréien?

Dernières nouvelles