E Symbol vu Berlin: Esou ass den Ampelmännchen entstanen

De grénge „Geher“ an de roude „Steher“, alle béid mat Hutt um Kapp, hu sech zu berüümte Figuren a originelle Symboler vun der däitscher Haaptstad Berlin entwéckelt. Ma, haut viru 60 Joer huet de Karl Peglau säin Entworf beim Verkéiersministère vun der DDR agereecht an domat den Ampelmännchen zum Liewen erwächt. Dobäi huet hien e besonnescht Zil verfollegt.

Wärend déi „eisern Riddo“ Osten a Westen getrennt, e kommunisteschen an demokrateschen Terrain geschafen an domat och verschidde Liewensweise gefërdert hunn, sollt sech och dëst Verkéierszeeche ofhiewen.

Dem Karl Peglau, deen als Psycholog am medezineschen Déngscht vum Verkéierswiesen geschafft huet, louch d‘Sécherheet vu Foussgänger um Häerzen. Mam zouhuelenden Trafic sollte si sech duerch eng sympathesch an verständlech Figur dozou verleede loossen, sech u „rout a gréng“ ze halen.

Nodeems da feststoung, datt den Ampelmännchen en Hutt droe sollt, gouf de „Männekin“ den 13. oktober 1961 dem Ministère presentéiert. Ganzer 8 Joer huet et gedauert, bis datt d‘Figuren op de Luuchte vu Berlin ze fanne waren.

Ampelmann
© AMPELMANN Berlin

Bal wier en hops gewiescht…

Nodeems 1994 ugefaange gouf, d‘Infrastruktur vum Verkéier ze erneieren, sollten och déi beléiften Ampelmännercher op de moderne Luuchten duerch de Kolleeg aus dem Westen ersat ginn. Schliisslech war et de Markus Heckhausen, Designer aus „dem Schwabenländle“, deen déi charakteristesch Stroossefigur erhale wollt.

Datt herno eng Firma ronderëm den Ampelmännchen gegrënnt gouf, duerch déi Produiten a Souvenire mam „Geher“ a „Steher“ verkaaft ginn, geet op seng Kap. Ugefaangen hat et domat, datt den Heckhausen an der Konschtzeen vun Ostberlin ënnerwee war, ofmontéiert Blenden vun de Luuchten gesammelt an dës an aner nëtzlech an dekorativ Géigestänn fir Doheem verwandelt huet.

Och haut nach si seng Luuchten erhältlech. Mëttlerweil zielt Berlin 4 Butteker, déi vu Kleedung, iwwert Poschen, Becheren a Vasen alles ze bidden hunn, wat den Tourist sech esou wënsche kann. War de Karl Peglau ufanks net esou iwwerzeegt vun dësem Konzept, esou konnt den Heckhausen hie schnell an d‘Boot zéien.

Am Joer 2009 ass de Papp vum Ampelmännchen gestuerwen. Seng Kreatioun ass nach haut weltwäit berüümt.

Opmaacherbild: © Randy Tarampi / unsplash

Dernières nouvelles