Ambulanz-Taxien: Wou Abusen sech wuel fillen

Datt et nawell zolidd Diskrepanzen, besonnesch bei der ëmgesater Tarifpolitik vu gewësse Betriber, am privaten Ambulanz-Secteur huet, sollt bekannt sinn. Zanter elo engem hallwe Joer gëtt dat vun der Patientevertriedung denoncéiert, an esouguer am Koalitiounsaccord ass d‘Reform vum private Krankentransport enthalen. Mee et ass Pandemie…

Bei der Patientevertriedung Asbl hat et gëschter eppes méi Suergefale wéi soss op der Stier vum President René Pizzaferri. Seng Institutioun fuerdert zanter Éiwegkeeten, also eigentlech eréischt zanter 15 Joer, datt den Transport vu Kranken, duerch Taxi-Entreprise déi eligibel fir dëse Service sinn, reglementéiert gëtt. Dat wollten och DP, déi gréng an LSAP, zumindest ass et esou aktéiert.

Elo kéint een nach gutt halen, datt därmoosse vill Ministèren an Acteuren an dësen Dossier implizéiert sinn, datt sech Delaie vu selwer erginn. An da gëtt – wuel et sech ubitt – natierlech och d‘Pandemie als Argument fir d‘Verzögerunge genannt. Datt elo hei ëm déi am Regierungslangage sougenannt vulnerabel Persoune geet, déi jo besonnesch beschützt sollte ginn, sollt erwäänt ginn.

An esou ergëtt et sech, dat keng Woch vergeet, ouni datt d‘Patientevertriedung Asbl vu Patiente sollicitéiert gëtt, déi exorbitant Rechnungen an Hänn halen an dës net verstinn. Esou kréie Leit d‘Decke fir en Transport am leie facturéiert, goufen awer „sëtzend“ befërdert. Zudeem huet et fir eng an déi selwecht Streck, net ëmmer de selwechten Tarif. An huet nach ganz aner Käschten…

Patient = Mëllechkou

De Problem mat den Abuse berout um Fait, datt déi bestoend „Texter“ keng kloer Reglementatioun enthalen, an den Agreement vun de Gesondheetskeess (CNS), weder en Tarif fixéiert nach soss „Leeschtungen“ reglementéiert sinn. Bei de Prestatiounen si gewësse Betriber äusserst kreativ an zuweile gi Patienten och gruppéiert transportéiert, woubäi awer jiddereen eenzel ofgerechent gëtt.

Eng aner Doleance betrëfft d‘Propretéit vun de Gefierer, hei méi besonnesch de bedauernswäerten Ëmgang mat der Hygiène. Trotzdeem steet op all Rechnung eng integral Botz vum Gefier… muss ee sech wuel näischt derbäi denken. Datt vill Chaufferen net emol eng Mindest-Formatioun hunn, also iwwerfuerdert sinn, wann „eng passéiert“, schéngt der Regierung och éischter egal ze sinn.

Verständlech, datt d‘Patientevertriedung Asbl, all dës Punkten am Gesetzprojet zur Reform vum Krankentransport wëll enthale gesinn. Domm just, datt de Gesetzprojet op engem zwee Joer ale politesche Versprieche berout. Wann ee weess wéi déi „grouss“ Parteien an der Chamber sech un d‘Versprieche vum Referendum zur Verfassungsreform gehalen hunn, geet d‘Zouversiicht fleeten.

Elo huet natierlech am Kontext vum Krankentransport vill ganz gutt Betriber, deenen d‘Praxis vu gewësse Kolleegen och den Hutt héich goe léist. Si verlaangen – an dat mat guddem Recht – datt endlech reglementéiert gëtt, an datt déi wou sech deem net wëllen unhuelen den Agreement sollen entzu kréien. Firwat elo kee vun dësen „éierlechen“ sech wëll oppe positionéieren ass net gewosst.

Wou et soss nach klemmt

Verschidde Patiente mussen sech, och datt ass jo kee Geheimnis, no engem Spidolsopenthalt an d‘Rehabilitatioun beginn. Wéi laang oder wéi oft, ass net wierklech dem Patient seng Decisioun, mee do dierft jo wuel den Dokter am beschte wëssen, wéini dës erfollegräich ofgeschloss ass. De Problem hei? D‘CNS rembourséiert nëmmen 20 Faarten an dat och nëmmen zu engem Deel.

Bei der Volatilitéit vun den Tariffer an de Phantom-Prestatiounen, kann esou eppes dem Patient de Portmonni sprengen. Dat bréngt mat sech, datt Leit sech net méi behandele loossen – net well et d‘Soine wieren déi géifen zu Buch schloen – mee well et onlauter Mënschen huet, déi ee legale Wee fonnt hunn sech op Käschte vu vulnerabele Persounen eng gëllen Nues ze verdéngen. Merci CNS!

Veriergert ass een dann och iwwert de Constat, datt dee sougenannten interministeriell Grupp, vun deem behaapt gëtt hie géif zanter Joren un der Léisung an dem Gesetzprojet schaffen, d‘Fakte vum Alldag net schénge wouer ze huelen. Dat kéint ee Grond hunn: wann ee sech weigert d‘Vertrieder vun de Patienten zu den Diskussiounen zouzeloossen, kann et ganzt gutt sinn, datt et där keng huet.

An iwwerhaapt, net nëmmen d‘Patientevertriedung huet de Stull am Gank stoen, dat gëllt eigentlech fir jiddereen. Et kann ee also dovunner ausgoen, datt et keng politesch Absichten huet, dës Suergen a Problemer an noer Zukunft op de Leescht ze huelen. Et huet ee jo och wierklech hanner Hënn ze schleefen. Et huet do Leit déi op der Sich no Ënnerschrëfte sinn, fir de Referendum ze erzwéngen.

Et kann een der Patientevertriedung Asbl nëmme roden, sech ganz gutt unzekucken, wéi do déi Ënnerschrëften zesummekommen. Eng weider Optioun ass eng Petitioun. D‘Asbl sollt iwwer genuch Membere verfügen, fir déi direkt mat den noutwennegen 4.500 Signaturen an der Chamber deponéieren ze kënnen. Anersäits kann ee „Verstéiss“ dokumentéieren an de Medie weiderginn…

Illustratioun: © Ashkan Forouzani / unsplash

Dernières nouvelles