Fotoausstellung „Tibet, 60 Joer Exil“

Et ass d‘Geschicht vu sechs Joerzéngten Exil vun den Tibetaner an Indien, d‘Geschicht vun 3 Generatiounen, vun Hoffnung an dem Wonsch déi eege Kultur ze schützen. All dat soll duerch d‘ Fotoausstellung „Tibet, 60 Joer Exil“ an de Fokus geréckelt a gewierdegt ginn.

Bis den 2. Dezember invitéiert d‘ONG Les Amis du Tibet, Luxembourg op dës Expo op der Stroossbuerger Plaz. Mat dobäi sinn Portraiten an Archivbiller vun den 3 tibetanesche Fotojournalisten Tashi Tobgyal, Kalsang Jigmé an Tsering Topgyal.

Tibet, 60 Joer Exil
Bei der Aweiung vun der Fotoausstellung gëschter op der Stroossbuerger Plaz © VDL Fotothéik / Charles Soubry

Am Joer 1959 hunn de 14. Dalai Lama, déi tibetanesch Regierung an zuelräich Kompatrioten d‘Heemecht verlooss mam Zil d‘Kultur an d‘Bevëlkerung ze schützen. En Ënnerdaach krute si an Indien gebueden, wou si mat der Hëllef vum Bildungssystem, verschidden internationalen Organisatiounen an der Gemeinschaft dëst Zil tatsächlech erfëlle konnten.

Dernières nouvelles