Fir méi Toleranz an eng besser Welt

Et betrëfft eis all

Um haitegen Dënschdeg ass den internationalen Dag vun der Toleranz. Ausgeruff gouf dëse vun der Unesco-Organisatioun am Joer 1996 – a leider gesäit et esou aus, ewéi wa mir esou een Dag batter néideg hätten.

Dat Wuert Toleranz schéngt ville Mënschen net vertraut ze sinn, Intoleranz trëfft et éischter. Dobäi dominéiert dës géigeniwwer Flüchtlingen, Mënsche mat aneren Hautfaarwen, politesch, reliéis a geschlechtsspezifesche Meenungen, dem korrekten Ëmgang mat den Notz- oder Hausdéieren oder der Ëmwelt an der Klimaerwiermung. Et gëtt leider ëmmer « een Hoer an der Zopp » fonnt. Hei misst definitiv méi zesummegeschafft ginn.

Dozou géing ënnert anerem ee géigesäitegt Versteesdemech tëscht den ënnerschiddleche Kulture gehéieren. Oder de Mënschen am Allgemengen. Jiddwereen ass individuell. Dat ass dach gutt, soss wär d’Welt nawell zimmlech langweileg. Angscht, Haass, Diskriminéierung an Extremismus sinn hei de falsche Wee. Esou gëtt nach zousätzlech Ueleg an d’Feier geheit aplaz no néidege Léisungen ze sichen.

Et bleift wierklech ze hoffen, datt mir eis mat der Zäit op ee gemeinsamen an tolerante Wee beginn. D’Welt steet viru groussen Erausfuerderungen, dës kënne nëmme gemeeschtert ginn, wann all Mënsch op enger Säit steet a sech fir déi richteg moralesch Wäerter asetzt. Et ass d’Verantwortung vun eis alleguerten d’Toleranz ze fërderen. Dëst erfuerdert alt mol positiv Handlungen – a sensibiliséiert de Versteesdemech fir all Mënsch onofhängeg vu senger Situatioun. Ee richtegen Dialog féieren a sech beméien ass hei d’Schlësselwuert.

Dernières nouvelles