Vegane Chrëschtmaart – Dëse Sonndeg am Tramsschapp um Lampertsbierg

D’Lëtzebuerger Vegan Society invitéiert fir déi 6. Kéier op säi vegane Chrëschtmaart. Um Programm steet e räichhaltege Programm u kulinaresche Leckereien, Musek a Kaddoen – an dat alles ouni Déiereleed.

Geplangt ass e gesellegt Evenement fir déi ganz Famill a Frënn, ob si elo selwer de vegane Liewensstil verfollegen oder sech emol an dësem Beräich informéiere wëllen. Fir Informatiounen e besonnesch Produiten aus Lëtzebuerg an der Ëmgéigend si folgend Gäscht (mat engem Stand) vertrueden:

GLOW, Beet Belval, Oak, Lokaal, Domaine L&R Kox, Beyond Nutrition, Animal Liberation Trier, The Red Rose – Animal Rights Action, L214 Ethique et Animaux, Snack in Joy, B-Conscious, Simple Animal Délice Végétal, T-Wraps Food Truck, In Wolf We Trust, Tree to Skin, Sea Shepherd Lëtzebuerg, Petit Veganne a By Jeremy. Och e lëschtege Chrëschtkaarte-Workshop fir Kanner ass virgesinn.

D’Entrée ass gratis. De Parking an der Déifgarage vum Tramsschapp kascht 2 € den Dag. Et handelt sech ëm e Covid Check-Evenement.

Dernières nouvelles