Vëlosschoul fir Erwuessener

Vëlo fueren – an et ze léieren ass vill méi schwéier, ewéi geduecht. An dësem Kader proposéiert d’Stad Lëtzebuerg, zesumme mat ProVelo.lu eng Vëlosschoul fir Mäerz/Abrëll.

Dobäi riichten sech d’Coursen och u Mënschen, déi hier Fäegkeeten nëmmen opfrësche wëllen. Dës Léierstonne fannen ënnert fräiem Himmel an an enger sécherer Ëmgéigend statt.

Dobäi baséiere si op engem Programm, wat Sportwëssenschaft, Psychologesch an Didaktik matenee verbënnt. Mat dësem Projet, leescht d’Stad och ee weidere Beitrag an d’Erhéijung vun der Sécherheet vu Persounen an der allgemenger Stroossesécherheet.

D’Participatioun kascht 100 €, d’Coursë sinn op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.

Weider Informatiounen esou wéi d’Datumer, fannt dir hei.

www.provelo.lu

Dernières nouvelles