Déidleche Verkéiersaccident

De Sonndegowend koum et géint 21:45 op der Streck tëscht Kielen a Keespelt zu engem déidleche Verkéiersaccident.

D’Gefier, wat vum Kreesverkéier a Richtung Keespelt gefuer ass, ass an enger liichter Lénkskéier an de Stroossegruew geroden an dobäi mat der Bäifuerersäit géint ee Bam geprallt.

De Chauffeur war am Gefier ageklemmt, nodeems hie befreit konnt ginn, gouf en an d’Spidol bruecht. Déi 50 Joer al Fra, déi nieft him souz, ass nach op der Plaz verstuerwen.

De Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police war op der Plaz. Dës weideren huet d’Strooss wärend e puer Stonne misse gespaart ginn.

Dernières nouvelles