Dubai2020: Zuelräich Entrevuen a Visitten um zweeten Dag

Nodeems bei der Weltausstellung Dubai2020 um éischten Dag d‘Visitt vum Lëtzebuerger Pavillon um Programm stoung an och d‘„Made in Luxembourg“-Woch mat der Presentatioun vun 12 Lëtzebuerger Betriber ofgeschloss konnt ginn, koum et gëschter zu „héichrangegen Entrevuen“. Ma, duerno sollten d‘Gäscht mat enger Visitt duerch déi historesch Quartieren a verschidden Zenteren en Androck vun dëser pulséierender Stad vermëttelt kréien.

Zesumme mat S.A.R. dem Ierfgroussherzog Guillaume huet den Tourismusminister Lex Delles ënnert anerem den Abdulla Bin Touq Al Mari, Wirtschaftsminister, den Dr. Ahmed Belhoul Al Falasi, Staatsminister vum Entrepreneuriat an der Mëttelklass an den Dr. Thani bin Ahmed Al Zeyoudi, Staatsministesch vum Aussenhandel getraff, fir sech iwwert déi bilateral Bezéiungen auszetauschen.

Dubai2020
(v.l.n.r.) Lex Delles, Minister fir Mëttelklass an Tourismus ; n.b. (Sécherheetsmann); S.A.R. den Ierfgroussherzog; Loïc Bertoli, stellvertriedende Missiounschef vun der Lëtzebuerger Ambassade zu Abu Dhabi, Executivdirekter vum Luxembourg Trade and Investment Office (LTIO) a stellvertriedende Generalkommissär bei der Expo Dubai2020; Abdulla Bin Touq Al Mari, Wirtschaftsminister vun de Vereenten Arabeschen Emirater; n.b. (Sécherheetsmann) © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Zousätzlech koum et zur Entrevue mam Abdul Baset Al Janahi, CEO vun „Dubai SME“ an dem Sami Al Qamazi, Generaldirekter vum Departement vun der ekonomescher Entwécklung, wou d‘Gespréicher ronderëm d‘Stäerkung vun de klengen a mëttelgroussen Entreprise gedréit hunn. Net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och an déi Mega-Metropol an der Wüüste ass aus wirtschaftleche Grënn op dës Betriber ugewisen.

Fir de Lex Delles war et hei wichteg ze betounen, datt déi kleng a mëttelgrouss Entreprisen d‘Réckrad vun der Lëtzebuerger Wirtschaft sinn. Si stelle 50 % vun de Plazen duer an droen esou och zum technologesche Fortschrëtt an der Innovatioun bäi. „Ech sinn iwwerzeegt, datt dëse wichtege Secteur déi ekonomesch Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an de Vereenten Arabeschen Emirater stäerke kann“, sou de Minister.

Dubai2020
(v.l.n.r.) Gilles Scholtus, Chargé vun der Generaldirektioun fir Mëttelklass vum Wirtschaftsministère; Françoise Schlink, Cheffin vum Cabinet vum Ministère fir Mëttelklass an Tourismus; Tim Kesseler, Conseiller vu S.A.R. dem Ierfgroussherzog; n.b. (Sécherheetsmann); Capitaine Pierre Schroeder, Hëllef fir déi groussherzoglech Famill; S.A.R. den Ierfgroussherzog; Lex Delles, Minister fir Mëttelklass an Tourismus © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Schliisslech koum et zum spannenden an méi aktiven Deel vum zweeten Weltausstellungsdag. Bei der Visitt duerch den historeschen an eelste Quartier vun Dubai konnt e staarke Kontrast zur héichmoderner Stad gebuede ginn. Schmuel Stroossen, Haiser aus Gips a Steen, sou wéi wonnerbar Bannenhäff prägen hei d‘Bild.

A Begleedung vum Aziz Merchant, President vun der ismaelescher Gemeinschaft an den Emirater an an der Golfregioun, gouf den Ierfgroussherzog duerch den ismaeleschen Zenter geleet. Mat sozialen Aktivitéite sollen Traditiounen, virun allem aus der muslimescher Welt, oprecht erhalen a gefërdert ginn.

Viru goung et fir d‘Lëtzebuerger Delegatioun nach an de Sheikh Mohammed Zenter fir kulturelle Versteesdemech. No der Presentatioun vum Kongress-, Geschäfts- a Fräizäittourismus gouf iwwert d‘Erausfuerderunge vun der Zukunft fir de Secteur diskutéiert. Dobäi ass de Minister Delles sech sécher, datt Lëtzebuerg sech gutt op d‘Ära no Covid-19 virbereet huett an déi ideal Infrastrukture bitt. Ënnert anerem gouf d‘Digitalisatioun am touristesche Beräich virugedriwwen a verbessert. Duerch hybrid Evenementer ginn nei Méiglechkeete gebueden.

Dernières nouvelles