Lieserbréif: Ewéi de Westen seng Wäerter verréit

Sanktiounen ginn decidéiert, nëmmen net géint russesch Entreprisen, mee och géint russesch Kënschtler, Intellektueller, Wëssenschaftler an Sportler: dës ginn boykottéiert, ausgeschloss, verbannt.

Hier Kontrakter ginn opgeléist, si däerfen net méi optrieden, hiren Aufgaben net méi nogoen. Mënsche mat russescher Nationalitéit sollen domat stigmatiséiert, gedemütegt, markéiert ginn.

Russesch Tennisspiller am Géigesaz zu anere Sportler, kënnen nach un Turnéier deelhuelen, ma net ënnert dem Numm vu Russland. Si sinn souzesoen mat engem Schlag staatelos gemaach ginn. Hier Nimm ginn mat Stärercher markéiert, dat heescht een « scharlachroude Buchstaw » gëtt hinnen op d’Broscht gepecht.

Et hëlt een hinnen hier Identitéit, mécht si zu Net-Persounen, zu Pariaen vun der Weltgesellschaft.

Dës Mënschen mussen also, egal ewéi hier Haltung dem Krich an der russescher Regierung géigeniwwer ass, fir dës Doten bezuelen. D’Organisateuren vum Tennisturnéier vu Wimbledon wëllen anscheinend esouguer een Bekenntnis vun de russeschen Tennisspiller, an deem dës sech vum Präsident Putin distanzéieren an déi russesch Regierung desavouéieren.

Ass de Regierungen, ass der Ëffentlechkeet am Westen bewosst, datt dëst Virgoen Gesënnungsschnüffelei duerstellt. Souguer eng Form vu Sippenhaft a kollektiver Geiselnam?

Wärend een Diskurs vun Demokratie, Fräiheet a Mënscherechter geschwonge gëtt, gräift een op totalitär, quasi-totalitäre, quasi-neostalinistesch Methoden oder och Prozeduren zeréck, déi un déi « Helleg Inquisitioun », déi jo eigentlech eng onhelleg war, erënnert. Net nëmmen een Vollek als Ganzes, mee déi eenzel Bierger wäerten onofhängeg vun hirer Astellung, schëlleg geschwat, haftbar fir d’Politik enger Regierung, mat där si villäicht iwwerhaapt net averstane sinn.

Am Iwwregen kéint sech dëst Verhalen vu westlechen Regierungen als kontraproduktiv erweisen, well et och kritesch gesënnte russesch Bierger, déi hier Éier an hiren Stolz verdeedege wëllen, dozou brénge kéint, sech mat der Regierung vun hirem Land ze solidariséieren.

De Westen gehäit d’Prinzippien, déi hien haart verkënnegt, bedenkenlos iwwer Bord. Et muss ee sech froen, wéi vill Mënschen an Europa entsat iwwert dës Manéieren sinn. Protester schéngt et bis elo nach keng ze ginn. Krich ass een Entlarver. Ee bréngt wéineg Heroismus, awer vill Niddertruecht ervir. Den därzäitege Krich an der Ukrain riicht nieft villem aneren och Schuet un der politescher Kultur vum Westen un. Lästeren a schlecht schwätzen, aplaz kritesch Ausernanersetzungen.

Eng Aart politeschen a moralesche Kollateralschued.

Dernières nouvelles