Antizipéierte Lancement vun der „Wanteraktioun“

D‘Wiederfräschen hunn annoncéiert, datt schonn ab muer Dënschdeg Lëtzebuerg vum Wanter géif erfaasst ginn, firwat d‘Autoritéiten sech entschloss hunn de Programm „Wanteraktioun“ ab dësem 23. November ulafen ze loossen.

Zesumme mam Partner Asbl Dräieck huet de Familljeministère beschloss d‘Wanteraktioun un de Start ze bréngen. D‘Wanteraktioun huet jo zum Zweck ze verhënneren, datt Mënschen ouni Daach iwwert dem Kapp net dobaussen erfréieren. D‘Struktur um Findel, sollt eigentlech seng Dieren eréischt den 1. Dezember opmaachen an dat bis zum 31. Mäerz. Den Dagesfoyer gëtt dogéint awer eréischt ee Mëttwoch am Nomëtteg opgemaach. Den Nuetsfoyer ass ab muer 19.15 Auer op.

D‘Asbl Dräieck, eng gemeinsam Aktioun vun den Associatiounen: Caritas, Rout Kräiz an Inter-Actions, geréiert de Flux vun de Beneficiairen. Déi kënnen sech ab Muer 11 Auer a bis 16 Auer um 12A „beim Haff“ um Findel fir eng Plaz aschreiwen. Ab ee Mëttwoch soll et dann och méiglech sinn an der Mëttegstonn ee waarme Maufel z‘iessen. Et sollen och Animatiounen ugebuede ginn.

Et soll awer net nëmmen de Leit en Daach iwwert dem Kapp a „Beschäftegung“ offréiert ginn. Et schéngt ee sech endlech bewosst ze sinn, datt et ouni Suivi net méi geet, wann de Wëllen, eppes un dëser Situatioun ze änneren eescht gemengt ass. Esou sollen d‘Sans-Abri och en individuelle Suivi ugebuede kréien an/oder un e spezialiséierte Service weidergereecht ginn, wann dat vun Néiten ass.

Ob dat elo vun den eigentleche Beneficiairen esou ugeholl gëtt? Dat ass natierlech net gewosst, mee unhand de Wiederprevisiounen, kann een nëmmen derzou roden. D‘Temperature sinn iwwert de Weekend schonn eppes agebrach a sollen ab muer ënner Null falen. Ob a falls jo den Impfstatut vum Beneficiaire hei eng Roll spillt, geet net aus der Kommunikatioun vum Ministère ervir. Et ass allerdéngs gewosst, datt et och dësem Kontext dierft „perséinlech Gespréicher“ mat de Leit ginn.

Dernières nouvelles