Wat mécht Sprooch mat mir?

Eng interessant Gespréichsronn ...

Dës Äntwert fënnt sech de 7. Mäerz um 19:30 Auer am Nationale Literaturzenter zu Miersch. D’Viraussetzung vu Literatur – dat weess all Lieser a Schrëftsteller ass d’Sprooch.

An awer gi mir all ganz ënnerschiddlech mat Sproochen ëm. Am Kader vun der Virtragsrei « Von der Unheimlichkeit der Sprache der Universität Luxemburg » fënnt am Nationale Literaturzenter eng Gespréichsronn iwwert Sprooch a Schreiwe statt.

Wat mécht Sprooch mat mir? Wat maachen ech mat Sproochen?

An engem Gespréich tauschen sech d’Auteuren Ulrike Bail, de Pierre Joris an d’Elise Schmit iwwert hier Erfarung mat der Sprooch an de Sproochen, mat deene si liewen, denken a schreiwen aus. Ewéi geet ee mat Sprooch ëm? Wat bedeit et mat Sproochen ze schaffen a wéi funktionéiert de Prozess vum Schreiwen? A wat kann dobäi geschéien?

Wa Sprooch een Instrument ass, stellt sech och d’Fro, welch Stellung de Lieser anhëlt a wéi eng Wierkung se erziilt oder erziele kann. Dobäi gëtt d’Gespréich vum Nathalie Jacoby, der Direktesch vum CNL moderéiert.

Duerch déi aktuell Sécherheetsbestëmmungen ass eng Umeldung obligatoresch.

Dernières nouvelles