Haut ass de Welt-Aids-Dag

Um haitege Mëttwoch ass de Welt-Aids-Dag. Ausgeruff gouf dësen Aktiounsdag schonn 1988 vun der WHO, zanter 1996 këmmert sech UNAIDS, d‘Organisatioun vun den Vereenten Natiounen ëm déi ënnerschiddlech Aktivitéiten, déi uechtert d’Welt stattfannen.

Dobäi geet et zum groussen Deel drëms, d’Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren a Solidaritéit mat Infizéierten a Familljememberen ze weisen. Dës ginn nach ëmmer dacks ausgegrenzt, et ass awer eng Tatsaach, datt Mënsche mat HIV genee sou liewe kënnen, ewéi all aneren. Et ass egal ob domat d‘Aarbecht, d‘Fräizäit oder d‘Sexliewe gemengt ass – bei enger rechtzäiteger Behandlung ass bal alles (a mat den néidege Virkéierunge) méiglech.

Ee Problem ass d‘Diskriminéierung, déi de Mënschen d‘Liewen nach ëmmer onnéideg schwéier mécht. Hei stellt sech d‘Fro, wien vun der Erkrankung erzielt kritt – a wien léiwer net. Ee Mateneen ouni Virurteeler an Ausgrenzung ass leider nach ëmmer Wonschdenken.

Aids ass nach ëmmer eng grouss Bedreeung fir d‘ëffentlech Gesondheet – och hei misst all Mënsch op déi selwecht Gesondheetsversuergung zeréckgräife kënnen. Se sollt kee Luxus sinn.

An dësem Kader muss méi opgekläert ginn, d‘Ängschte musse geholl ginn. Nëmmen esou ass ee respektvollen Ëmgang méiglech.

Och wann d‘Krankheet mëttlerweil besser an de Grëff ze kréien ass, si gehéiert nach laang net der Vergaangenheet un. D‘Fuerschung ass gutt weiderkomm, ma leider ass Aids, trotz den ënnerschiddlechen Therapien nach ëmmer net heelbar. Betraff ka jiddweree sinn, eng Onopmierksamkeet geet an de meeschte Fäll duer.

Fir d‘Krankheet fréizäiteg ze erkennen an och behandelen ze kënnen, ass et noutwenneg sech reegelméisseg op de Virus testen ze loossen. D‘Coronapandemie huet eis gewisen, datt mir positiv zesummeliewe kënnen. Et gëllt eben sech un déi sanitär Moossnamen ze halen.

Dernières nouvelles