Haut ass de Weltdag vun den Ozeaner

Haut den 8. Juni 2022 ass de Weltdag vun de Ozeaner, d’Vereenten Natiounen hunn en am Joer 2009 agefouert, säin Ursprong geet allerdéngs bis an d’Joer 1922 zeréck.

« Wann d’Ozeaner stierwen, stierwe mir. »

Dëst Zitat kënnt vum Paul Watson, de Grënner vun der Sea Shepherd Conservation Society. Dës engagéiert Leit kämpfe géint d’Ausbeutung vum Mier a senge Liewewiesen. Hien huet Recht.

Bei dësem Weltdag vum Mier geet et net drëm wéi gär mir am Mier bueden – de Message hannendrun ass, datt mir d’Ozeaner zum Liewe brauchen. An dëse liewe vill Déieren, ma d’Planze sinn dat awer dat Wichtegst fir eis. Genee wéi d’Beem suergen si dofir datt mir Loft zum Ootmen hunn. Ronn 70% vun der Äerduewerfläch ass mat Waasser bedeckt, vill Regioune sinn dem Mënsch nach onbekannt. Nach haut ginn nei Déierenaarten entdeckt.

Dat ass dach scho Grond genuch besser Uecht ze doen?

Et ass kee Geheimnis, datt et eise Ozeaner schlecht geet, vu munche Fëschaarten si scho keng méi iwwereg méi, anerer sinn um Ausstierwen. Des weidere gi beim Fësche mat Netzer dacks Planze futti, déi mir dach sou néideg hunn.

E grousse Problem vum Mier ass de Mënsch selwer – Schëffer déi Ueleg verléiere verpeschten d’Waasser, och eise Plastik mécht dem Mier d’Liewe schwéier.

Tatsächlech ass et esou, datt sech richteg Insele mat Plastik um Mier bilden, verschiddener si vill méi grouss wéi Lëtzebuerg. Et ass schwéier ze soen, wéi vill Dreck am Mier dreift, Experte schätzen awer, datt en Milliounen Tonne sinn – esou vill, datt een en aus dem Weltraum gesäit. Villercher, Fësch an aner Déiere verschlécken oder verfänken sech drun a stierwen. Bis elo gëtt nach net vill dogéint ënnerholl, dat Bescht wär einfach manner Plastik ze verbrauchen an dofir ze suergen, datt en net an der Natur ronderëm trëllt.

Lant de Plastik mat der Zäit an eise Kierper? Kënne mir dovunner krank ginn? Deet eis dat dann net nodenken? Oder anescht handelen?

Et ass dach einfach – wa mir eis Ozeaner gutt behandelen, di mir eis automatesch eppes Guddes.

Dernières nouvelles