Klengt dach logesch!

D’Léier vum korrekten Denken an d’Konscht vun de gëltege Schlussfolgerunge gëtt mam haitege Weltdag vun der Logik zelebréiert. Wärend d’Logik eis Mënsche scho säit Joerdausende begleet an eis Spezies ausmécht, existéiert den Aktiounsdag emol nach guer net esou laang.

Eng éischt Initiative fir dëse speziellen Dag geet op d’Joer 2018 an d’Logica Universalis Association zeréck. Mam Zil d’Logik konsequent ze fërderen gouf scho kuerz drop en décke Programm un Evenementer an 33 Länner organiséiert.

Op dësen Erfolleg ass d’UNESCO opmierksam ginn an huet schliisslech e Weltdag virgeschloen. Bei der 40. Sitzung vun der Generalkonferenz am November 2019 zu Paräis gouf d’Iddi an d’Realitéit ëmgesat: Zesumme mam Internationale Rot fir Philosophie an Human Wëssenschaften konnt den éischte Weltdag vun der Logik proklaméiert ginn.

Fir d’LUA stellt de 14. Januar am ale julianesche Kalenner Neijoerschdag duer. Fir d’Logiker an d’Unhänger vum logeschen Denken ass d’Wiel um Datum also mam Neiufank verbonnen. Dobäi kënnt, datt den éisträichesche Mathematiker, Philosoph a Logiker Kurt Friedrich Gödel – bekannt fir seng „Unvollständigkeitssätz“ de 14. Januar 1978 an den USA verstuerwen ass, wärend et awer och de Gebuertsdag vum polnesch-US-amerikanesche Mathematiker a Logiker Alfred Tarski duerstellt. Hien huet iwwregens d’algebraesch Logik gepräägt.

Weltdag vun der Logik
© Olav Ahrens Rotne / unsplash

„Klengt dach logesch“ an „dat do ass komplett onlogesch“ si Sätz, déi mir oft äusseren an héieren. D’Logik begleet eis onbewosst am Alldag, stellt awer gläichzäiteg och eng richteg komplex Wëssenschaft duer. Generell gëtt de Mënsch als „logescht Déier“ ëmschriwwen – Rationalitéit, Verständnis an Intelligenz maachen (op alle Fall déi meescht vun eis) aus.

De wuel bekanntste Begrënner vun der Logik ass nees eisen Alleskënner, den Aristoteles. Mat sengem Syllogismus beschreift hien de Fait, datt zwou Aussoen op eng Drëtt schléissen. E Beispill: All Mënsche si stierflech. All Griichen si Mënschen. Also sinn all Griichen stierflech. Ma, seng logesch Schlussfolgerungen treffen awer net ëmmer zou, an do gëtt d’Logik schonn nees komplizéiert fir den Duerchschnëttsmënsch.

Soit, an der Philosophie, Mathematik, Physik a Computertechnik stellt sech d’Logik als en essentielle Pilier duer. Am Alldag léist dës Léier vum korrekten Denken eis Schlussfolgerungen zéien.

Eis ofschléissend Konklusioun ass, dat och d’Logik hir Grenzen huet. Nieft dem „wouer“ an dem „falsch“, gëtt et och dat „Onbekannt“ an dat „Warscheinlecht“. Dobäi kënnt den Zoufall an esou wäert d’Logik eis nimools viraussoe kënnen, wéi eng Zuelen am Lotto gezu ginn a wéi e Partner bei eis passt.

Dernières nouvelles