Den Daniel Araujo kämpft ëm de Weltmeeschtertitel

Um haitegen Dënschdeg fänkt d‘Weltmeeschterfinall vun der International Esports Federatioun zu Eilat an Israel statt. Den Ofschloss schéngt nawell spannend ze ginn, virdru sinn a regionale Competitiounen déi beschte Spiller a soumat d‘Finalisten ermëttelt ginn.

De lëtzebuergesche Sportler Daniel „Diffside45“ vertrëtt an der Competitioun, déi véier Deeg laang dauert, de Groussherzogtum Lëtzebuerg. Dobäi kann hien (an och Lëtzebuerg selwer) houfreg sinn, sou ass et dach déi éischte Kéier, datt ee Lëtzebuerger sech fir d’Finall qualifizéiert huet.

Nodeems hie gekonnt géint Portugal a Schwede gewonnen huet, ass een scho bal onméiglechen Dram fir den talentéierten Esport-Spiller wouer ginn. Mat senger Qualifikatioun huet hien sech tatsächlech géint 80 Natioune behaapt. Dat eleng ass schonn ee Grond houfreg ze sinn. Elo muss hien déi lescht Phas a Spiller meeschtere, fir an der Finall, déi den Donneschdeg, den 18. November stattfënnt, dobäi ze sinn.

Déi Lëtzebuerger Esports Federatioun ass eng gemengnëtzeg Associatioun, déi am Joer 2020 gegrënnt gouf. Hiert Zil ass, den aussergewéinleche Sport ze fërderen an der Ëffentlechkeet méi zougänglech ze maachen. Dobäi ass ee vun hire Projeten, datt den Esport offiziell als eegestänneg Sportaart zu Lëtzebuerg unerkannt gëtt.

Weider Informatiounen iwwert dem Daniel seng Israelrees, esou wéi dem aussergewéinleche Sport fannt Dir op Facebook, Instagram, Twitter a LinkedIn.

Dernières nouvelles