Russe gefäerden international Weltraumstatioun

D‘Amerikaner hunn sech nees mat de Russen an den Hoer, well déi angeblech ausprobéiert hunn, ob et méiglech ass mat enger Rakéit ee Satellit am Weltraum ofzeschéissen. Si hätten allerdéngs op en eegene Satellit aus de 70er Jore gediicht, dee scho länger als Weltraumoffall ze betruechte war.

Wann d‘Russen Tester am Weltraum duerchféieren, da kënnegen si dat weder un, nach froen se bei den Amerikaner no, ob déi dat erlaben. Anersäits ass et, bezunn op déi „best Practice“ am Ëmgang mat der Natur an Ëmwelt „hei ënnen“ jo och net wäit hir, egal ob USA oder Russland. Mat hirer net vun den USA autoriséiert, jo nach net emol ofgeschwaten Aktioun, hunn d‘Russen elo nees eppes Virwërf op sech gezunn. Den US-Ausseminister ass richteg béis, de „Space Command“ leider och.

Den Antony Blinken, huet den angebleche Rakéitentest, also eigentlech den Ofschoss vun engem russesche Satellit duerch déi russesch Arméi, schaarf denoncéiert. Hie beschëllegt d‘Russen déi international Raumstatioun wëssentlech enger immenser Gefor ausgesat ze hunn. Duerch den Ofschoss vum Satellit wier Weltraumschrott entstanen, deen d‘Liewe vun den Astronauten an d‘Integritéit vun der ISS gefäerde géif. Si géifen d‘Interesse vun de Natioune mat Féiss trëppelen.

An d‘Amerikaner, déi jo de Weltraum fir sech an Usproch huelen, leider net wierklech verhënnere kënnen, datt och aner Natiounen – jo esouguer Zwergestaaten wéi dat butzegt Lëtzebuerg – sech net nëmmen d‘Äerdëmlafbunn, mee direkt de ganzen Universum deele wëllen, verstinn elo net, datt nodeems si sech selwer militäresch am Weltraum positionéieren, een hinnen et virmécht. Erënnere mir kuerz dorunner, datt eenzeg d‘USA aktuell kloer definéiert militäresch Absichten am All hunn.

Zaldote sinn déi besser Pazifisten

De Chef vun der militärescher Weltraumagence „Space Command“, den héich sympatheschen an, wie weess, méiglecherweis nächsten Amerikaner dee d Friddensnobelpräis iwwerreecht kritt; de Generol James Dickinson, huet héchstperséinlech nogekuckt a d‘Problemer erkannt. Déi hellste Käpp vum US-Weltraumkommando hunn esou ermëttelt, datt duerch d‘Neutraliséierung vum Satellit, wäit iwwer 1.500 Trëmmer produzéiert goufen, déi elo an der Äerdëmlafbunn festhänken.

Si, also de Space Command, behaapten elo weider, datt aus der genannter Zuel vun 1.500 Trëmmer bis zu honnertdausende „méi kleng“ Trëmmer entstoe wäerten, déi iwwer Joerzéngten ewech an eben dëser Ëmlafbunn géife festhänken a mat Allem, wou se kéinte a Kollisioun geroden, weidere Schued uriichten. Dat hei ganz besonnesch bezunn op d‘ISS an de Besatzungen, déi zu all Ament kéinten duerch den Offall ausgeläscht ginn. Zousätzlech dozou d‘Bedreeung fir aner Raumkierper.

Fir de Generol James Dickinson eng Geleeënheet ze erklären datt: „Russland huet gewisen, datt si absichtlech d‘Stabilitéit, d‘Sécherheet an d‘Nohaltegkeet am Weltraum mëssuechten. (…) Moskau setzt bewosst nei Technologien an, fir den USA an hiren Alliéierten den Zougang zum Weltraum an d‘Ausbeutung vun de Weltraumressourcen aktiv ze behënneren“. Richteg ass, datt sech déi siwe Weltraumtouriste vun der ISS, op Uerder vun „ënnen“ an hir respektiv Raumkapsele verzunn hunn.

mat indymedia/hou/cgn

Illustratioun: © Norbert Kowalczyk / unsplash

Dernières nouvelles