Covid19-Pandemie erfuerdert WHA-Drénglechkeetssëtzung

Normalerweis fënnt D‘Weltgesondheetsassemblée (WHA) all Joers am Mee statt. Bei der Sëtzung vum Mee 2021, gouf awer entscheet, datt et dréngend Instrumenter a Konventioune brauch fir der nach ëmmer grasséierender Pandemie entgéint ze wierken. E Méindeg ass dës Sëtzung, an där déi Europäesch Unioun eng gréisser Roll iwwerhuele wëll, ugefaangen.

Bei dëser Sëtzung, déi am virtuelle Raum stattfënnt, hunn sech zur Erëffnung, ausser dem Tedros Adhanom Ghebreyesus, Direkter vun der WHO, och d‘Ursula von der Leyen, Presidentin vun der EU-Kommissioun an de Charles Michel, President vum europäesche Rot, sech mat Messagen un d‘Assemblée gewannt an dës opgefuerdert, konstruktiv mat der Léisungsfannung ëmzegoen.

Annex:

Dernières nouvelles