Winterlights 2021 – D‘Stad Lëtzebuerg a festlecher Wanterstëmmung

Vum 19. November 2021 bis den 2. Januar 2022 versetzen dausende faarweg Luuchten an dekorativ Wierker d‘Visiteure vun der Stad Lëtzebuerg a festlech Wanterstëmmung. Déi beléifte Winterlights sti virun der Dier a bréngen e räichhaltege Programm u Concerten, Ausstellungen, Spektakelen an Animatioun mat.

An dësem Joer dierf och de Wantermaart nees a gréisserer Form stattfannen. Verdeelt op 9 Plazen bidden Händler, Handwierker an Artisten hir Wueren un. Do dierf natierlech och Iessen a Gedrénks net feelen.

Insgesamt 1.559 dekorativ Wierker an iwwer 633.000 Littien, natierlech all LED, ginn aktuell nach opgehaangen. Dobäi kann ee sech op eng ganz Rei Neiheete freeën.

Ënnert anerem wäert eng Schlittschongspist op der Kinnekswiss am Stater Park ze fanne sinn. Op ronn 800 m² kann een um Äis säin Talent beweisen. Ronderëm wäert e klenge gastronomesche Beräich mat 5 Chaleten bereet stoen, fir sech no der Aktivitéit ze stäerken oder och op seng Léifst ze waarden.

Hannert dem Numm „Winterkids“ verstoppt sech e spezielle Chrëschtmaart fir Kanner, deen am Haff vum fréieren Athénéé an der Rue Notre-Damefonnt ka ginn. Wärenddeem fiert de sougenannte Wanterzuch um Square Jan Palach duerch de Wanterbësch an um Knuedler wäert ee mam Kleesche senge Rendéieren en Tour dréie kënnen.

E weideren Highlight ass d‘Presenz vun de Stater Schmatten, déi zu bestëmmten Deeg op verschidde Plazen an der Stad e Bléck op hiert Handwierk erméiglechen.

Dat eleiten ass natierlech just e klengen Ausschnëtt vun engem Programm, deen fir dës Editioun wierklech gutt gefëllt ass. Den Detail zu de Winterlights fannt Dir op vdl.lu.

Dernières nouvelles