Yuriko Backes ersetz Pierre Gramegna

Dat goung elo awer fix bei der Demokratescher Partei. Nodeems de Pierre Gramegna aus Grënn d‘Handduch geworf huet, hunn déi liberal sech no kompetente Kandidate bannent den eegene parlamentaresche Reien ëmgekuckt, a wuel kee fonnt. Si hunn sech an der Folleg fir eng „extern“ Persoun entscheet.

Yuriko

Esou ass d‘Wiel op d‘Yuriko Backes (50) gefall. Eng Damm mat vill Erfarung an ausgewise Finanzexpertin mat beschte Kontakter a Bezéiungen. Si ass aktuell nach Haffmarschall vum Groussherzog, war vun 2016 bis 2020 féierend Diplomatin vun der Vertriedung vun der EU zu Lëtzebuerg, an dierft sécherstellen, datt sech Lëtzebuerg och weiderhin am Tripple-A sonnt.

Si wier dann och déi éischt Finanzministesch vu Lëtzebuerg. Säitens den anere Parteien ass de Changement nach net weider kommentéiert ginn, mee elo ass jo och emol Weekend. Ob d‘Fra qualifizéiert ass fir dëse Poste mat héije Verantwortung ze besetzen? Bestëmmt, si muss jo net rechnen, dat maachen d‘Fonctionnaire. Hir Aufgab ass et ze representéieren an ze erklären…

© Demokratesch Partei (handout)

Dernières nouvelles