Kommentar: Zouversiicht statt Defaitismus

Lëtzebuerg war duerch direkt véier Minister op der COP26 zu Glasgow vertrueden. Datt och dës UN-Weltklimakonferenz elo net wierklech der Wäisheet leschte Schluss ass, dat huet d‘Carole Dieschbourg sech oppen agestanen, wëll sech awer léiwer op d‘Fortschrëtter – egal wéi kleng se dann um Enn sinn – konzentréieren. Richteg ass schonn, datt et sougenannt Avancéeën an der Fro ëm d‘Kuel ginn, huet an esouguer bei de Methanemissiounen eng gewëssen Eenegkeet besteet.

Fir d‘Carole Dieschbourg ass faktesch d‘COP26 keen totale Mësserfolleg an esou ass d‘Ministesch zefridden, datt d‘Objektiv, d‘Äerderwiermung op +1,5°C ze begrenze bäibehale gëtt. Natierlech huet d‘Ëmweltministesch déi „Changementer a leschter Minutt“ säitens de Chinesen an Indien hei denoncéiert. Déi schwätze jo net vun engem Ausstig aus der Kuel, mee vu „reduzéiertem Asaz“. Onzefridden ass d‘Ministesch och betreffend dem Finanzement vun den néidege Klimamesuren.

Elo dierf d‘COP26 awer kee politeschen Echec sinn, d‘Politik steet iwwert dem „Versoen“ an dofir gëtt de „Wëllen aus der Kuel erauszeklammen“ als Erfolleg verkläert. Den „Accord vu Glasgow“ géif jo och drop hiweisen, datt ee gewëllt wier eng aner Mobilitéitspolitik ze implementéieren. An dann huet Lëtzebuerg, zesumme mat enger Handvoll Partner sech nach emol géint d‘Atomkraaft als nohalteg energetesch Alternativ ausgeschwat. Ambitiounen eleng, halen de Klimawandel net op…

Illustratioun: © Joey Harris / unsplash

Dernières nouvelles