Search

You may also like

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg
International Neiegkeeten

De Weinstein ass nëmmen d’Spëtzt vum Äisbierg

De Fall Weinstein weist, datt Sexismus präsenter ass, wéi et

Schraasseg: Nei Direktesch wëll déi Schwaach schützen
International Neiegkeeten

Schraasseg: Nei Direktesch wëll déi Schwaach schützen

Mam Joke van der Stricht huet fir d‘éischt an der

eSport: De Swift Hesper setzt seng Hoffnungen an den Diogo Santos
International Neiegkeeten

eSport: De Swift Hesper setzt seng Hoffnungen an den Diogo Santos

Zesumme mat sengem Parter ELA Luxembourg stellt Swift Hesper houfreg

Taifun Faxai verwüst Tokio

Masseg Reen an hefteg Wandstéiss huet den Taifun Faxai an de Groussraum Tokio geleet, an hei fir en zimlecht Duerchenaner am Verkéier Gesuergt. Zolidd Schied sinn net ausbliwwen: Géigestänn si wéi Pabeierfatzen duerch d‘Géigend geflunn. Op mannst zéng Persoune wieren heibäi verletzt ginn.

FaxaiAn der japanescher Haaptstad war de Verkéier um Méindegmuere staark beanträchtegt, nodeems den Taifun Faxai an der Nuecht iwwert d‘Metropol hiergefall war. Eisebunnsverbindungen hu misse gespaart oder d‘Vitesse staark reduzéiert, an och de Fluchverkéier huet partiell missen agestallt ginn. Um Méindegmuere sinn iwwer honnert Flich gestrach ginn.

FaxaiLaut den Autoritéiten hate ronn eng Millioun Menage kee Stroum an och an de Nopeschprovënz Shizuoka aus et zu Stroumausfäll komm. Säitens dem nationale Wiederdéngscht heescht et, datt sech den Taifun mat 25 Stonnekilometer an nordëstlecher Richtung weidergezunn ass. Am Stuerm goufe Wandspëtzte bis zu 216 Stonnekilometer gemooss.

Evakuéierunge sinn ugeuerdent ginn

De Wiederdéngscht huet nei Warnunge viru Wandstéiss, Iwwerschwemmungen an Äerdrëtsch misse mellen. An de Präfekture Chiba a Kanagawa hunn 5.000 Mënschen den Uerder kritt hir Haiser ze verloossen. D‘Autoritéiten hu weideren 390.000 Awunner aus dem betraffene Gebitt geroden sech a Sécherheet ze bréngen.

FaxaiEigentlech ass en Taifun fir d‘Japaner keng besonnesch Affär. All Joer treffe méi Taifunen op déi japanesch Inselen. Datt awer esou ee Stuerm d‘Haaptstad trëfft ass éischter ongewéinlech, heescht et vun de Meteorologen. Den Taifun Faxai ass dat schlëmmsten Onwieder dat Tokio zanter laangem getraff huet. En éischte Bilan iwwert d‘Schied gëtt fir Mëtt der Woch erwaart.

mat indymedia/fuk

Foto: Um Méindegmueren huet et nach ëmmer zolidd „geblosen“ zu Tokio. De Wee op d‘Aarbecht war deels eng richteg Erausfuerderung. © CGTN

Related topics Japan, Taifun, Taifun Faxai, Tokio
Next post Previous post