Search

You may also like

Esch-Uelzecht: Ee Bus fir d‘Krapperten
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Ee Bus fir d‘Krapperten

Zanter dem 16. September 2019 gëtt et an der Minettemetropol

Kultursummer 2020: Nach vill aus wéineg erausgeholl
International Neiegkeeten

Kultursummer 2020: Nach vill aus wéineg erausgeholl

Déi lescht Méint hunn dem Secteur vun der Kultur immens

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert
International Neiegkeeten

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert

E Sonndeg huet Réiden erëm mat ee grousse Programm un

Taifun „Goni“ zu Besuch op de Philippinnen

Taifun „Goni“ zu Besuch op de Philippinnen

Mindestens zéng Mënschen si beim Onwieder ëm d‘Liewe komm, honnertdausende goufen aus hiren Haiser verdriwwen. Deen als „Super Taifun“ beschriwwene Wierbelstuerm „Goni“ war mat 295 Stonnekilometer an der Provënz Catanduanes (Osten) op Land gestouss. De meteorologeschen Déngscht huet erkläert datt de Stuerm dunn eppes ofgeschwächt ass.

De Wierbelstuerm Goni huet Diecher ofgedeckt, Beem a Stroumpottoen ëmgeknéckt, Dierfer a Stroossen iwwerschwemmt. De Wiederdéngscht huet viru katastrophalem Wand, onvirstellbarem Néierschlag a Stuermflute gewarnt. Goni – op de Philippinnen och Rolly genannt – ass de bis ewell heftegste Stuerm vum Joer. Et ass och dee stäerksten Taifun, zanter Haiyan (2013).

Esou richteg Schued, huet Goni an der Provënz Albay (op der Haaptinsel Luzon) ugeriicht, wou et och néng Affer ze bekloe gëtt. Dräi Leit sinn erdronk, wéi ee Floss iwwert d‘Ufer getrueden an en Däich gebrach ass. Eng Weider Persoun ass vun engem Bam erschloe ginn. De Regierungschef Al Bichara huet erkläert, datt dat dee schlëmmste Stuerm war, deen hien a sengem Liewe gesinn huet.

Taifun

Mam Waasser kënnt de Schlamm, wie kann huet sech op sengem Daach a Sécherheet bruecht. De Stroum ass villeruerts ausgefall, Noutënnerkënft si vum Taifun zerstéiert ginn. Am grousse Ganze schéngt awer dat schlëmmst net agetrueden ze sinn. Et war jo en Ament spekuléiert ginn, datt den Taifun Goni och d‘Haaptstad Manila treffe kéint. Deen awer huet dunn ënnerwee gedréit.

Fir ganz op Nummer Sécher ze goen, war decidéiert ginn de Fluchhafe bis zum Méindegmueren ze spären. Et sinn och vill Akafszenter prophylaktesch vir de Publikumsverkéier zougemaach ginn. Et heescht säitens dem Zivilschutz, datt iwwer 421.000 Mënsche virum Taifun op der Flucht sinn. Déi vergaange Woch hat den Taifun „Molave“ 23 affer gefuerdert an 800.000 Leit verdriwwen.

An d‘Saison ass nach jonk. De Wiederdéngscht rechent net nëmme mat weideren heftegen an och mäerderesche Stierm, hie gesäit se och kommen. Esou soll schonn den nächsten Taifun ënnerwee sinn. Dësen, deen de Numm Atsani erhalen huet, ass ënnerwee Richtung Norden…

mat indymedia/mnl

Related topics Goni, Manila, Philippinnen, Taifun, Wierbelstuerm
Next post Previous post