Paulette Lenert zu Roum: Diskussiounen zum Fonds ABC
Am Kader vum 42. Rot vun de Gouverneure vun der
Am Kader vum 42. Rot vun de Gouverneure vun der
Wien zu Lëtzebuerg wunnt, schafft an esou zur Entwécklung vum
Scho säit dem Ufank vun der Pandemie am Fréijoer goufe beim CGDIS effikass a strikt intern Mesuren agefouert, fir d’Ausbreedung vum Virus bei de Rettungskräft op e Minimum ze reduzéieren. Sollt eng Persoun an Nout (eventuell) Covid-19-positiv sinn, erweise sech d’Prozedure fir d’Personal an den Ëmgang mam Equipement als komplex. D’Desinfektioun vun de Gefierer a Geschir ass essentiell.
Wärend am Normalfall ëm 140 Interventiounen pro Dag gezielt sinn, ass een momentan an der Moyenne bei 180 Interventiounen – Tendenz steigend. An dësem Kader muss ee sech Gedanke maachen, wéi ee genuch Rettungskräft zur Verfügung gestallt kritt. Anescht wéi bei der éischter Well sinn nämlech méi Pompjeeën an der Auto-Quarantaine. Aktuell analyséiert de CGDIS all Méiglechkeeten fir am Eeschtfall zousätzlech Reserven ze kréien, beispillsweis duerch den Asaz vu Stagiairen oder Pompjeeën mat administrativer Tâche.
Net nëmme gi méi Interventioune gezielt: Aktuell ginn méi wéi 1.100 Appellen pro Dag beim 112 eran (normalerweis läit ee bei ëm 800 Appellen). Dobäi handelt et sech och net zwangsweis ëm Urgencen, wouduerch d’Linnen fir eventuell Noutfäll blockéiert sinn. Dofir gëtt drun erënnert, datt ee sech iwwert déi offiziell Säit (www.covid19.lu) informéiere soll.
„Mat de steigende positive Covid-19-Fäll ass den Investissement vun all Fra a Mann beim CGDIS nach méi wichteg ginn. Eis MatbiergerInnen zielen op Iech an dëser Noutsituatioun, déi mir aktuell duerchliewen. Am Numm vun der Regierung soen ech Iech Merci fir Äre Beitrag a Solidaritéit fir eis an dëse schwéieren Zäiten ze ënnerstëtzen“, ënnersträicht d’Taina Bofferding
Beim Gespréich mat der Gewerkschaft fir d’Lëtzebuerger Stied a Gemengen, dem Syvicol, gouf iwwert déi nei Mesuren am Gemengesecteur diskutéiert. Heibäi huet d’Ministesch d’Propose geäussert, fir nees eng temporär Ännerung am Gemengegesetz anzeféieren, sou datt och d’Reunioune vu Buergermeeschteren a Schäffen iwwert Videokonferenz kënnen organiséiert ginn.
Schliisslech sollen an all Beräich onnéideg Deplacementer an Treffen vermeit ginn, an esou d’Gesondheet vun den Acteuren oprecht erhale ginn. Bei dësem Punkt hat de Syvicol keng Awänn an ass d’Accord mat der Propose.
Dës weideren huet d’Ministesch drëm gebieden, datt am Gemengesecteur nees esou oft wéi méiglech op Teletravail soll zeréckgegraff ginn. An Zukunft sti reegelméisseg Echangen tëscht der Ministesch an dem Syvicol un.
Opmaacherbild: D’Inneministesch Taina Bofferding bei der Videokonferenz mam Syvicol © MINT