Search

You may also like

money
Editorial: Weiderverwäertung vu Ministeren
Neiegkeeten

Editorial: Weiderverwäertung vu Ministeren

Wat ass et nees ee Gedauschs. Kaum datt déi russesch

Vläicht sollt een dat Kraut einfach hei ubauen…
Neiegkeeten

Vläicht sollt een dat Kraut einfach hei ubauen…

Den 20. Mee hat den LSAP-Deputéierten a President vun der

Déi ekologescht Autoscourse am Grand-Duché
Neiegkeeten

Déi ekologescht Autoscourse am Grand-Duché

Wann d‘Gemeng Déifferdeng seng Aluedung zum „En Dag wéi fréier“

D’Taina Bofferding geet a Gemengen, déi staark ënnert den Iwwerschwemmunge gelidden hunn

Ronn eng Woch no den zum Deel katastrophalen Iwwerschwemmungen uechtert d’Land war d’Inneministesch, Taina Bofferding, gëschter an haut nach emol a verschiddene Gemengen ënnerwee, fir op der Plaz de Buergermeeschteschen a Buergermeeschteren engersäits nozelauschteren an hinnen anerersäits Hëllef unzebidde virum Hannergrond vum aussergewéinlechen Héichwaasser.

Gëschter stounge Visiten zu Bettenduerf, Iechternach a Rouspert-Mompech um Programm, haut an der Fiels an zu Miersch.

„Et war mer wichteg, direkt vun dëse Gemengeresponsabelen ze héieren, wat hir Andréck waren a wat gutt a manner gutt gelaf ass. Ech konnt mer e Bild vum Ausmooss vun der Katastrof maachen, vun de sëlleche Gemengeninfrastrukture wéi Sportshalen, Atelieren a Schoulen, déi alt bis zu zwee Meter ënner Waasser stoungen.

De Gemenge wëll ech e grousse Luef fir hiert séiert Handelen ausschwätzen a soen, dass si op mech ziele kënnen a mir hinne mat gezielte Subsiden ënnert d’Äerm wäerte gräifen!“, sot d’Taina Bofferding no de Visitten.

Matgedeelt vum Inneministère
Uewe fannt Dir eng Billergalerie © SIP / Luc Deflorenne

Related topics Bettenduerf, Fiels, Héichwaasser, Iechternach, Iwwerschwemmungen, Miersch, Rouspert-Mompech, Taina Bofferding
Next post Previous post