Search

You may also like

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser
International Neiegkeeten

Friddensplang vun den USA ass e Schlag an d‘Gesiicht vun de Palestinenser

Beim klenge „Sommet“ vun de Leader vun der palestinensescher Befreiungsorganisatioun

Klierf a Schieren: Vereedegung vun de Schäffen
International Neiegkeeten

Klierf a Schieren: Vereedegung vun de Schäffen

No der ministerieller Veruerdnung vum 23. Februar 2021 sinn de

Italienesch Justiz saiséiert d‘Schëff vu spuenescher ONG
International Neiegkeeten

Italienesch Justiz saiséiert d‘Schëff vu spuenescher ONG

En italienesche Riichter huet en Dënschdeg d‘Saisie vun engem Schëff,

Taiwan ëmmer méi isoléiert

No de Salomonen-Insele verléiert Taipeh elo och Kiribas

Taiwan ëmmer méi isoléiert

Scholde bei de Chinese maachen, datt ass ee riskant Geschäft, esou d‘Warnung vum taiwaneschen Ausseminister Joseph Wu un d‘Inselstaaten am Pazifik. De Grond fir dës Warnung? Taiwan huet ob en Neits en Alliéierte verluer: véier Deeg no de Salomonen, huet och Kiribas seng diplomatesch Bezéiunge mat Taiwan bäigeluecht a geet elo eng „Bezéiung“ mat China an.

Als Konsequenz op de Wiessel, huet Taiwan ugekënnegt, datt d‘Ambassade zougemaach gëtt an och d‘Kooperatiounsprojeten an dësem Inselstaat mat grad emol 117.000 Awunner, agestallt ginn. Dat bedeit zugläich, datt Taiwan sech nach just op 15 „diplomatesch“ Partner, meeschtens kleng Länner wéi beispillsweis de Vatikan, stäipe kann. De Joseph Wu bedauert datt sech Kiribas vun de Salomonen beaflosse gelooss huet.

Fir engem „Domino-Effekt“ virzebeuge wëll Taipeh elo seng Bezéiungen zu den aneren Inselstaaten wéi Tuvalu, Palau, Nauru an de Marschall-Inselen „opmierksam verfollegen“, esou de Statement aus dem Ausseministère. De Joseph Wu huet dës Staaten dann och virun der Scholdefal gewarnt, wann si d‘Geld aus Peking unhuelen. Ob dat duer geet fir déi politesch Erosioun ze stoppen?

Dat wat sech elo grad do ofspillt, gëtt vun Experten als „Dollar-Demokratie“ erkläert. Eigentlech verhält et sech esou, datt déi mat Taiwan „verbonne“ Länner, finanziell ënnert d‘Äerm gegraff kréien an och Entwécklungshëllef bezéien. Si erkennen aus dësem Grond Taiwan diplomatesch un an ënnerhalen do och Ambassaden. Elo ass et allerdéngs och esou, datt Peking iwwert e gréissere Budget verfüügt an bei dëse Länner um längeren Hiewel sëtzt.

De Kuerze Wee an d’Isolatioun

Mam Verloscht vu Kiribas gëtt Taiwan nach ee Stéck wäit méi isoléiert. Zil vun der Regierung zu Peking ass et, de politeschen Drock op Taipeh ze erhéijen an den internationale Spillraum méi enk ze maachen. Fir déi wou et net wëssen: Déi meescht Länner op der Welt hunn Taiwan offiziell bis haut net unerkannt. Elo versichen d‘Chinesen och nach déi puer „Alliéiert“ ëmzestëmmen…

An e puer Méint gëtt op Taiwan gewielt an sollt déi favoriséiert Presidentin Tsai Ing-Wen nach eng Kéier d‘Gonscht vun den Taiwanesen erhalen, wäert China versichen och weider „Partner“ vun der Insel – déi Peking als säin Eegentum betruecht – op seng Säit ze zéien. An Europa ass et eenzeg de Vatikan deen Taiwan nach unerkennt, zumindest offiziell. Och hei ass ee „Wiessel“ denkbar.

Zanter datt d‘Fortschrëttspartei (DPP) d‘Muecht am Mee 2016 iwwerholl huet an déi China-kritesch Tsai Ing-Wen Presidentin ass, huet China seng Beméiunge verstäerkt. Peking ka mat senger Muecht wirtschaftlech wéi diplomatesch, d‘Partner vun Taiwan zudeem och massiv ënner Drock setzen. Et ass zudeem kengem Land, dat Bezéiungen zu China ënnerhält erlaabt och mat Taiwan Bezéiungen ze ënnerhalen. Dat ass de Grondsaz vun der „Ee-China-Doktrin“

mat indymedia/tpe

Related topics China, Diplomatie, Joseph Wu, Taiwan, Tsai Ing-We
Next post Previous post