Search

You may also like

Geopoliteschen Dissens an der Chamber
International Neiegkeeten

Geopoliteschen Dissens an der Chamber

Um Mëttwoch hat den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) an der

Thema verfeelt
International Neiegkeeten

Thema verfeelt

All Kéiers – et kéint ee bal Wetten drop ofschléisse –

Och de Staatsrot fënnt en Hoer an der Zopp beim Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch
International Neiegkeeten

Och de Staatsrot fënnt en Hoer an der Zopp beim Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

D’Gesetz zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch kritt vill Opmierksamkeet.

Tambower Jongen: Viru 75 Joer konnt ee se nees an d’Ärem schléissen

D'Vergaangenheet an Erënnerung behalen

Tambower Jongen: Viru 75 Joer konnt ee se nees an d’Ärem schléissen

Nodeems tëscht 1943 an 1945 iwwert 1.000 Lëtzebuerger Jongen an d’Lager Nr. 188 zu Tambow a Kirsanow deportéiert gi sinn, konnten ëm 600 vun de Männer um 5. November 1945 op der Stater Gare vun hiren iwwreggebliwwene Familljememberen, Vertrieder aus der Stad an och dem Prënz Jean empfaange ginn. Eng Dosen Zäitzeien liewen nach a wëllen d’Erennërung oprecht erhalen, sou datt déi grujeleg Dote vum Naziregimm net widderhuele sollen.

Déi russesch Stad Tambow läit ronn 460 Kilometer südëstlech vu Moskau a gouf trauregerweis wärend dem Zweete Weltkrich duerch säi Gefaangenelager Nr. 188 bekannt. D’Stad selwer zielt haut 300.000 Awunner, deemools sinn zäiteweis 30.000 Prisonéier op ee Mol gezielt ginn. Um 10. Mee 1945 ass aus dem Gefaangenelager schliisslech e Sammellager gemaach ginn, wou och déi Lëtzebuerger Krichsgefaangen zesummen ënnerbruecht waren.

Tambow© Amicale des Anciens de Tambow

Um 16. Mee si 5 Lëtzebuerger Jonge vun Tambow entlooss ginn a si knapp ee Mount méi spéit an hirer Heemescht ukomm. Um 9. Oktober koum e Krankentransport mat 200 Mann am Groussherzogtum un, woubäi den haitegen Dag fir eist Land als groussen Transport aus dem Krichsgefaangenelager gëllt.

Ganzer 165 Komeroden hunn am russesche Lager hir lescht Rou fonnt, a sinn entweder am Bësch vu Rada (ongeféier 10 Kilometer ëstlech vun Tambow) oder op engem Kierfecht zu Tambow, respektiv Kirsanow begruewe ginn. Weider 50 Männer wärend dem Retour, respektiv kuerz no hirem Retour verstuerwe sinn.

D’Amicale des Anciens de Tambow: Mat Häerz fir d’Net-Vergiessen

Eigentlech hat d’Amicale des Anciens de Tambow, déi 1958 gegrënnt ginn ass, fir haut eng Gedenkzeremonie organiséiert, déi leider duerch d’Pandemie ausgefall ass. Et gëtt awer drun erënnert, datt aktuell d’CFL mat engem Wagon a Gedenken un d’Tambower Jongen ënnerwee ass, sou wéi eng kleng Expo bei der Stater Gare fir jiddwereen zougänglech ass.

Tambow© Amicale des Anciens de Tambow

De Veräin setzt sech aktiv fir d’Net-Vergiessen a fir d’Unerkennung vun den Zwangsrekrutéierten als Krichs- an Naziaffer, zesumme mam FEDEF, an. Dës Weideren konnten op hir Initiative Interviewen mat Zäitzeie gemaach an esou d’Vergaangenheet fir d’Zukunft festgehale ginn. Ma, dëst Wëssen gëtt een un d’Schoule weider, an ch mat de Muséeën an Historiker steet een a Kontakt.

Aktuell zielt d’Amicale 12 Zäitzeien an ëm 340 Memberen, déi Wittfraen oder och Familljemember aus der 3., respektiv 4. Generatioun sinn. De Metti Scholer a Gast Junck sinn iwwregens d’Presidenten.

Dank hirem Asaz kruten d’Lëtzebuerger Jongen en eegent Monument zu Tambow, dat am Joer 2012, zesumme mam deemolege Premier Jean-Claude Juncker ageweit konnt ginn. Reegelméisseg besichen d’Zäitzeien, zesumme mat der Amicale d’Griewer vun de Jongen.

Tambow© Amicale des Anciens de Tambow

Domat awer net genuch. Ënnert der dreiwender Hand vum Gaston Junck sinn an den 80er Joren Hëllefsgidder op Tambow a Kirsanow gefouert ginn. Zënter 1988 ginn dann och ëmmer nees Reesen mat den Zäitzeien an hire Familljen organiséiert, déi immens ergräifend ausfalen.

Säit 2006 ginn dës Reesen fir d’Erënnerung all zwee Joer ënnert der Leedung vum Vize-President Vik Steichen, Jong vum Jos Steichen, ageriicht. Ee spannende Bericht mat Fotoen zur Rees vun 2014 kënnt Dir HEI noliesen.

Opgrond vun der sanitärer Lag huet d’Rees am Mee 2020 leider missen ofgesot ginn. Et hofft een dat awer 2021 nohuelen ze kënnen.

Mat Asaz a Respekt gëtt fir d’Unerkennung an d’Gedenken un d’Affer vun dëser grujeleger Zäit gekämpft. Loosst eis net vergiesse wat war, an aus de Feeler vun der Vergaangenheet léieren. An Zäiten, wou Diskriminatioun a Rassismus nees u Kraaft gewannen, solle grad Beispiller wéi dat vun den Tambower Jongen u Solidaritéit a Fridden erënneren.

Opmaacherbild: © Majkl Velner / Unsplash

Related topics Amicale des Anciens de Tambow, Gefaangenelager, Kirsanow, Krichsgefaangener, Tambower Jongen, Vergaangenheet, Zwangsrekrutéiert
Next post Previous post