Search

You may also like

Chantier an der Rue Ste Zithe (05-07.12.2020)
Kultur Neiegkeeten

Chantier an der Rue Ste Zithe (05-07.12.2020)

D’Stad Lëtzebuerg deelt mat, datt am Kader vum Luxtram-Chantier dat

Vereenten Natiounen: De Jean Asselborn setzt sech fir d‘Kanner an
Kultur Neiegkeeten

Vereenten Natiounen: De Jean Asselborn setzt sech fir d‘Kanner an

E Méindeg hat den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) zu New

Koordinéiert Aktioun géint de Kannerhandel
Kultur Neiegkeeten

Koordinéiert Aktioun géint de Kannerhandel

Ee Mëttwoch huet Europol matgedeelt, datt et am Oktober an

Lager 188 – Tambow: Expo an de Verrirère vun der Stater Gare

Lager 188 – Tambow: Expo an de Verrirère vun der Stater Gare

Um 5. November lescht Joer huet de 75. Commemoratiounsdag zum Retour vun den Tambower Jonge stattfonnt. Nodeems geplangten Evenementer duerch d’Pandemie hu missen ofgesot ginn, weist d’Amicale des Anciens de Tambow ënnert anerem op seng Ausstellung hin.

Et ass een wichtegen Dag fir d’Geschicht vu Lëtzebuerg: Tëscht 1943 an 1945 duerften iwwer 1.000 Lëtzebuergesch Krichsgefaangener – Männer, déi am Lager 188 zu Tambow an zu Kirsanov internéiert waren – zeréck an hir Heemescht kommen. Besonnesch um 5. November 1945 waren et ëm 600 Jongen, déi vun hiren iwwreggebliwwene Familljememberen, Vertrieder aus der Stad an och dem Prënz Jean empfaange ginn.

Duerch d’Pandemie huet d’Gedenkszeremonie op e spéideren Zäitpunkt misse verréckelt ginn. Trotzdeem léisst d’Amicale et sech net huelen, un d’Tambower Jongen ze erënneren an weist dofir op d’Ausstellung zum Lager 188 an de Verrière vun der Stater Gare hin. Nach bis de 17. Mee 2021 kann ee sech en Androck maachen.

Tambow

Dës weideren fiert zënter dem 23. Oktober eng Lokomotiv vun der CFL, mam Banner „75 Joer zeréck an d’Heemecht“ duerch d’Land. D‘Erënnerungsaktivitéiten ginn ënnerstëtzt duerch d’Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte.

Related topics Amicale des Anciens de Tambow, CFL-Lokomotive, Expo, Kirsanov, State Gare, Tambower Jongen, Zweete Weltkrich
Next post Previous post