Search

You may also like

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter
Business Neiegkeeten Sport Web

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter

„Si musse gutt oppassen!“: den US-President Donald Trump huet en

Pandemie, Honger, Roserei…
Business Neiegkeeten Sport Web

Pandemie, Honger, Roserei…

Latäinamerika huet ee Problem mat der Covid19-Pandemie, well kaum eng

LCGB: Protest géint ongerecht Behandlung vu Chauffeuren
Business Neiegkeeten Sport Web

LCGB: Protest géint ongerecht Behandlung vu Chauffeuren

Um 24. Januar 2020 huet ee vum LCGB organiséierte Protest virum

Tango Héichschoul-Cup: Ee Succès bei de Gymnasiasten

Tango Héichschoul-Cup: Ee Succès bei de Gymnasiasten

Den Tango Héichschoul-Cup ass déi eSport-Kompetitioun am Lëtzebuerger Land déi sech exklusiv u Gymnasiasten adresséiert. Den Tango Héichschoul-Cup ziilt drop of d‘Gymnasiasten iwwert déi ganz Kompetitioun ewech ze integréieren, dat fir de Kommunitarismus an Zougehéieregkeet an de Lycéeën ze fërderen.

De Konzept verbënnt eSport a Gaming, integréiert d‘Musek vun Artiste vun der Lëtzebuerger Musekszeen, wéi de Chalid oder Zero Point Five. D‘Musek gëtt am Partenariat mat Konektis Entertainement proposéiert. Déi dynamesch a amusant Streame gi vum Beaflossungskollektiv „merspillenzesummen“ presentéiert.

Bis heihinner huet den Tango Héichschoul-Cup sech net nëmmen op den Aspekt vum Gaming begrenzt, mee huet och kënnen edukativen Inhalt betreffend eSport integréieren. Dat mat der Interventioun vun den Acteure vun der akademescher Welt, déi der däitscher Sportsuniversitéit zu Köln entspronge sinn. Dës Universitéit ass déi bescht am Sportsecteur op europäeschem Niveau.

D‘Zuele weisen datt den Tango Héichschoul-Cup säi Public fonnt huet. Mat 550 Participanten aus 38 Schoulen, 13,726 Zuschauer an 18.666 Vuen, positionéiert sech den Tango Héichschoul-Cup als den am allermeeschten zu Lëtzebuerg visionéierten eSport Evenement.

Déi zwee lescht Pokaler (Cup) ginn am duale Modus op Brawl Stars (19. Juni) a Fortnite (26. Juni) gespillt. Déi grouss final vum Tango Héichschoul-Cup fënnt den 10. Juli. Méi Informatioune fannen déi interesséiert op de sozialen Netzwierker: Facebook & Instagram, mee och op Twitter

matgedeelt vu FWRD, fräi aus dem frankophonen iwwersat

Illustratioun: © Alex Haney / unsplash

Related topics Esports, Konektis Entertainement, Merspillenzesummen, Tango, Tango Héichschoul-Cup
Next post Previous post