Search

You may also like

Covid19 Iwwersiicht
Neiegkeeten Sport

Covid19 Iwwersiicht

Zanter dem Méindeg, hu mir zu Lëtzebuerg all Dag am

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm
Neiegkeeten Sport

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm

12 Millioune Wieler wielen hir Vertrieder an 380 Gemengen. Dem

D‘CGFP bleift déi stäerkste Kraaft
Neiegkeeten Sport

D‘CGFP bleift déi stäerkste Kraaft

Bei der Beruffskummerwahle vum ëffentlechen Déngscht, déi dës Kéier opgrond

Grouss Final vum Tango High School Cup

Grouss Final vum Tango High School Cup

E Samschdeg, den 10. Juli 2021 huet d’Final vum Tango High School Cup stattfonnt. Am Ganzen hate sech 650 Participanten aus 38 ënnerschiddleche Lycéeën fir d’Competitioun ageschriwwen. Mat méi wéi 25.000 Spectateuren, sou wéi 24.000 Viewe kann e wuel behaapten, datt d’Evenement en Succès war. Et ass scho bal net ze gleewen, mee domat iwwertreffen si déi offiziell Zuele vun der Post Esports Masters 2021.

D’Participanten déi sech fir den Tango High School Cup tëscht Mäerz a Juli qualifizéiert haten, hunn elo ëm den Titel gekämpft. Bei de Spiller Fortnite a Brawl Stars huet et geheescht: Wien ass de beschte Schüler an de jeeweilege Spiller?

Leider ass et genee wéi am traditionelle Sport, och beim Esport gëtt gefuddelt. Verschidde Participante vum Tango High School Cup hu missen disqualifizéiert ginn, well si sech net un d’Reegele gehalen hunn. Fairplay ass hei d’Zauberwuert.

D’Podiumsplazen no der Fortnite-Final si vun de Schüler aus dem Schengener Lycée vu Perl beluecht ginn. Hei konnt de Spiller PKTomasVS déi éischt Plaz beleeën, wärend de Valoryy an de Yumo jeeweils d’Plaz 2 an 3 ergattere konnten.

Tango High School Cup
Tango High School Cup / Facebook

Besonnesch bei Brawl Stars haten déi meescht Favoritten nawell mat Schwieregkeeten ze kämpfen. Ma, dat war och an de Resultater net ze iwwersinn. D’Gamer Overloard360CCH (LGE) an Twitch_Killer (EIMLB) waren déi grouss Iwwerraschung. An datt de Favorit Zero_O (LGL) um Podium gelant ass, huet sécher kee gewonnert.

Tango High School Cup
Tango High School Cup / Facebook

De Jongelycée aus der Stad war ënnert den 38 Lycéeën, déi deelgeholl hunn, déi beschtplacéiert Schoul.

Related topics Brawl Stars, Disqualifikatioun, Esports, Fairplay, Fortnite, Grouss Final, Jongelycée, Overloard360CCH, Schengener Lycée, Tango High School Cup, Twitch_Killer, Zero_O
Next post Previous post