Search

You may also like

D’Oper läit eis am Otem – Originell Hëllef fir Covid-19-Patienten
Neiegkeeten Sport

D’Oper läit eis am Otem – Originell Hëllef fir Covid-19-Patienten

Post-Covid-19-Symptomer si villfälteg a se kënne laang unhalen. Eng vun

surprise
Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland
Neiegkeeten Sport

Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland

No iwwer 18 Joer un der Muecht, symboliséiert de Vladimir

Brexit: National handelen, amplaz op Bréissel waarden
Neiegkeeten Sport

Brexit: National handelen, amplaz op Bréissel waarden

De Mëttwoch huet eisen Ausseminister, de Jean Asselborn déi Aussen-

Tango High School Cup: Et ass DAT eSport-Event fir Schüler

Tango High School Cup: Et ass DAT eSport-Event fir Schüler

D’Beräicher vum Gaming an eSports erfreeë sech ëmmer gréisserer Beléiftheet. Mam Tango High School Cup erwaart d’Participanten eng Kombinatioun aus elektronesche Spiller, Lifestyle a Musek. Ma, déi éischt sougenannt „Cups“ hunn eng grouss Opmierksamkeet erziilt. Ëm wat et genau geet a wéi d’Evenement viru verleeft, gitt Dir elo gewuer!

Den Tango High School Cup gëtt organiséiert vum Lëtzebuerger Operateur, a Kollaboratioun mat 4Elements Esports. Et huet ee sech dozou decidéiert, dës Competitioun eleng de Lycéesschüler virzebehalen, wouduerch de Gemeinschaftssënn gestäerkt sécherlech och den Interessi un dëse spannende Kämpf an der virtueller Welt fërderen.

Ma, et geet awer net eleng ëm dat, wat hannert dem Ecran geschitt. Och d’Lëtzebuerger Kulturzeen ass abegraff an esou ginn Museker wéi Chaild, Zero Point Five oder d’Nicool integréiert. Dëse musikalesche Part gëtt iwwregens erméiglecht duerch d’Partnerschaft mat „Konektis Entertainment“.

Domat si mir awer nach ëmmer net fäerdeg – schafft ee mat Schüler, sollt d’Aktivitéit en edukative Charakter verfollegen. Esou huelen och akademesch Acteuren um Tango High School Cup deel, wéi beispillsweis d’German Sports University Cologne, déi um europäeschen Niveau renomméiert ass.

Wéi dat esou beim eSports ass, dierf de Streaming net feelen. Huet ee schonn d’Méiglechkeet vun de modernen Technologie profitéieren ze kënnen, da ginn dës grad beim Gaming genotzt. Mat der Hëllef vun de Lëtzebuerger Streamer an Influencer „Merspillenzesummen“ kann een d’Evenement, d’Kënnen vun de Participanten an hir Spillzich nämlech online verfollegen.

Tango High School Cup

Mat 550 Participanten aus 38 verschidde Lycéeën, ganzer 13.726 Spectateuren an 18.666 Vuen positionéiert sech déi éischt Coupe vun dësem eSport-Event un der Spëtzt am Groussherzogtum. D’Organisateuren hoffen, datt dëse Succès sech och fir déi nächst zwou Coupe virun zitt. Den 19. Juni 2021 steet nämlech d’Spill „Brawl Stars“ um Programm, den 26. Juni 2021 dann „Fortnite“ – béides am Duo-Modus.

Déi grouss Finall wäert schliisslech den 10. Juli 2021 stattfannen – dat natierlech och per Stream!

Weider Informatioune ginn et op www.highschoolcup.lu.

Related topics Esports, Gaming, Konektis Entertainment, Kultur, Merspillenzesummen, Musek, Streaming, Tango High School Cup
Next post Previous post