Search

You may also like

Weess du ëmmer wat do op den Teller kënnt? (eng Analys)
Neiegkeeten

Weess du ëmmer wat do op den Teller kënnt? (eng Analys)

Liewensmëttelsécherheet ass wichteg a betrëfft eis alleguerten, egal op jonk

Staatsbeamte geroden an d’Schweessen: 2. Editioun vum Sportsdag
Neiegkeeten

Staatsbeamte geroden an d’Schweessen: 2. Editioun vum Sportsdag

Reegelméisseg Beweegung deet bekanntlech Kierper a Geescht gutt. Esou wëll

Dem Olivier Laxe säi „Quand viendra le Feu“ kënnt de 25. September an eis Kinoen
Neiegkeeten

Dem Olivier Laxe säi „Quand viendra le Feu“ kënnt de 25. September an eis Kinoen

„Quand viendra le Feu“ ass eng Koproduktioun vun Tarantula Lëtzebuerg,

Een neien Tapis fir d’Opfaart N°7 vum Echangeur Hamm

Een neien Tapis fir d’Opfaart N°7 vum Echangeur Hamm

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt ab e Freideg, de 27 September 2019 bis Méindes, den 30. September den Tapis vun der Opfaart N°7 vum Echangeur Hamm (Irgäertchen) nei gemaach gëtt. De Chantier bezitt sech op d’Streck, wann een a Richtung Gaasperech fiert an a Richtung N2, tëscht dem Echangeur Hamm (Irgäertchen) an der CR225 a Richtung Hamm.

Aus dësem Grond wäerte vun e Freideg, de 27. September géint 20:00 Auer bis Méindes, den 30. September géint 6:00 Auer folgend Stroosse gespaart sinn:

  • D’Opfaart vum Echangeur Hamm (Irgäertchen) a Richtung A1 via Gaasperech
  • D’N2 tëscht dem Irgäertchen an der CR225 (rue Haute) a Richtung Hamm, a béid Richtungen
  • De Bypass tëscht der N2 ab Hamm via d’A1 a Richtung Gaasperech

Den Trafic dee vum Echangeur Hamm (Irgäertchen) kënnt an a Richtung A1 via Gaasperech fiert, gëtt iwwert d’A1, den Echangeur Kierchbierg (S8) an dann iwwert d’A1 ëmgeleet. Fiert een a Richtung Hamm, esou gëtt een iwwer d’N2a-Cents ëmgeleet.

Ëmgekéiert gëllt: Den Trafic, dee vun Hamm kënnt an a Richtung Echangeur Hamm (Irgäertchen) fiert, gëtt iwwert Cent an d’N2a ëmgeleet. Wëll een op d’A1 op Gaasperech, esou muss een iwwert den Cents, d’N2a, den Echangeur Hamm (S7), d’A1, den Echangeur Kierchbierg (S8) an d’A1 fueren.

Echangeur Hamm

Weider Informatioune ginn et ënnert www.cita.lu.

Related topics Cents, Chantier, CITA, Echangeur Hamm, Ëmleedung, Gaasperech, Spärung, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post