Search

You may also like

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Gittar
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Gittar

Frënn vum elektresche sechsäitegen Zupfinstrument a vun der verstäerkter Gittar,

Greg Lamy & Marco Massa an der Brasserie K116!
International Neiegkeeten

Greg Lamy & Marco Massa an der Brasserie K116!

Och am Mäerz kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës

D’Regierung muss sech „outen“
International Neiegkeeten

D’Regierung muss sech „outen“

Um vergaangenen 3. Mee huet d’Regierung der CGFP hir Zoustëmmung

Den Taux vun de Gebuerten an der EU bleift relativ stabil

Zu Lëtzebuerg besteet den Negativtrend weider

Den Taux vun de Gebuerten an der EU bleift relativ stabil

1,60 Kanner kommen an Europa 2016 pro Fra op d’Welt. Dobäi ginn et allerdéngs ofhängeg vum Membersland zimlech Ënnerscheeder: Wann a Spuenien nëmmen 1,34 Kanner pro Fra op d’Welt kommen, esou sinn et der bei eisem franséische Noper der 1,92. An Europa fannen se sech do un der Spëtzt erëm. Dëst erginn déi aktuell Zuele vum Eurostat.

D’Situatioun zu Lëtzebuerg gëtt an dëser Statistik och beliicht. Esou läit den Taux vun de Gebuerten hei am Land bei 1,41. Domat ass se am Verglach zu 2015 (1,47) an 2014 (1,50) nach weider erof gaangen. Wat opfält ass d’Tatsaach, datt den Duerchschnëttsalter bei der éischter Gebuert zu Lëtzebuerg relativ héich ass. Mat engem Duerchschnëttsalter vun 30.5 läit Lëtzebuerg op drëtter Plaz hannert Italien (31,0 Joer) a Spuenien (30,8 Joer).

Positiv ze bewäerten ass wuel, datt d’Zuel vun den Teenagermammen am niddrege Beräich mat 2,2% vun den Éischtgebuerten leien. Vergläichsweis héich ass de Pourcentage vun Éischtgebuerten an der Altersgrupp iwwert 40 Joer: Hei kënnt Lëtzebuerg mat 4,8% op déi véiert Plaz hannert Italien (7,2%), Spuenien (6,6%) a Griicheland (5,3%).

Kannerräich Familljen sinn éischter rar zu Lëtzebuerg

Tatsächlech sinn Teenagermamme virun allem a Rumänien (14,2% aller Éischtgebuerten), Bulgarien (13,6%) an Ungarn (10,8%) wäit verbreet. Dëst kéint ee vun de Grënn sinn, firwat Bulgarien (26,0 Joer) a Rumänien (26,4 Joer) un der Spëtzt beim jéngstem Alter bei den Éischtgebuerte leien.

Wie no besonnesch kannerräiche Famillje sicht, muss e Stéck mi wäit an den Norden: A Finnland huet all zéngt Kand eng Mamm, déi virdru schonn dräi Kanner op d’Welt bruecht huet. Den Taux läit do bei 10,1% vun alle Gebuerten. Irland (9%), d’Vereenegt Kinnekräich (8,5%), d’Slowakei (8,1%), Rumänien (7,7%) an eis Belsch Noperen (7,6%) sinn do vir mat dobäi. Bei Lëtzebuerg leie mer bei 3,36% (dat sinn 203 Gebuerten).

 

Related topics Bevëlkerung, EU, Lëtzebuerg
Next post Previous post