Search

You may also like

Nordkorea: Dem Kim seng Rakéiten
Neiegkeeten

Nordkorea: Dem Kim seng Rakéiten

Laut Informatioune vum Etat-Major vun der südkoreanescher Arméi, sollen um

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert
Neiegkeeten

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert

De globalen UN-Migratiounspakt, dee vun den flammänneschen Nationalisten denoncéiert gouf,

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet
Neiegkeeten

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet

Nodeems de Recep Tayyip Erdogan déi moslemesch Welt opgeruff huet

Taxi-Branche vum neie Gesetz net esou begeeschtert

Woubäi et net d‘Patrone sinn déi Gëft a Gal versprëtzen… et sinn d‘Taxi-Chaufferen

Taxi-Branche vum neie Gesetz net esou begeeschtert

D‘Branche hat an huet nach ëmmer net de beschte Ruff, wat méiglecherweis eppes mam Beholl an dem Ëmgang mat de Reglementéierunge kéint ze dinn hunn. Anersäits waren 2016 d‘Präisser beim Taxi liberaliséiert ginn, wat natierlech net – wëll de Maart villes anescht reegelt wéi d‘Politik et de Leit versprécht – zu besseren Tariffer gefouert huet.

Elo gouf déi lescht Woch vum Regierungsrot en Avant-Projet fir eng Gesetzreform ugeholl, déi schonn am Januar 2022 soll a Kraaft trieden. An dësem gëtt och d‘Arrivée vun de sougenannte „Locatiounsauto mat Chauffer“ (VLC) gereegelt, wat dann tatsächlech kéint derzou bäidroen, datt beim Taxi iergendwann de Präis kéint stëmmen. Woubäi, dat ass elo net d‘Zil vun der Reform, hei geet villméi drëms, eng Cohabitatioun tëscht dem Taxi an dem VLC méiglech ze maachen.

Bei den Taxi-Chauffere wéi gesot kënnt dat net gutt un. Déi sinn esouguer der Meenung, datt et scho vill ze vill Taxien zu Lëtzebuerg gëtt, woubäi natierlech ëmmer „deen aneren“ deen ze vill gezielten Taxi ass. Dat do elo och nach de Locatiounsauto mat Chauffer sech amësche kënnt, dat passt hinne verständlecherweis net. An der Haaptsaach geet hei dann och ëm de sougenannten „Uber“-Service, eng gewësse Form vu legaliséierter Schwaarzaarbecht a moderner Sklavenhaltung.

Zwar soll d‘Gesetz hei villes reegelen a verhënneren, woubäi virrangeg de Schutz vum Client ze erkennen ass. Datt Taxi-Chauffeur allgemeng net de „coolsten“ Job ass, an een als Independant am Kontext „VLC“ wuel och éischter méi aarm wéi da méi räich gëtt, huet virun allem domadder ze dinn, datt déi eng fir d‘Wäertschëpfung schaffen, an déi aner se astiechen. Vergiesse mir dann hei och net drun ze erënneren, datt den ëffentlechen Transport (Tram inklusive) gratis ass.

Do kann et séier virkommen, well sech jo d‘Taxien elo och net zwéngend do ophale wou se dann eigentlech géife gebraucht ginn, also am ländleche Raum wou et beim ëffentlechen Transport nach Lacunnen huet, mee eben an der Haaptstad och eng Finanzstaark Clientèle setzt. A jo do kann een da séier der Meenung sinn, datt e vill ze vill Taxie gëtt. Do sinn dann d‘VLC kloer am Virdeel, vu datt dës nëmmen op „Virbestellung“ rullen dierfen, wat nees am ländleche Raum Sënn mécht.

Berécksiichtegt een all dës Parameter a géif een unhuelen, datt d‘Gesetz esou wéi et graff virgestallt gouf, och ëmgesat gëtt, dann dierft et sech tatsächlech erginn, datt „de Maart et reegelt“. D‘Zuel vun den Taxien dierft dann zréckgoen, an d‘Fluktuatioun vun den onofhängegen Uber Chaufferen – inklusiv Faillitten – sollt dann nach virun 2025 zu enger weiderer Reform féieren. Als berufflech Perspektive kann een dës Branche kengem uroden, déi ass am Begrëff „dout reforméiert“ ze ginn.

Illustratioun: D‘Zukunft heescht Uber… ob een dat elo gutt fënnt oder och net. © Austin Distel / unsplash

Related topics Gesetzreform, Mobilitéit, Reguléierung, Taxi, VLC
Next post Previous post