Search

You may also like

Comaneci – déi aner Säit vun der Medail
Neiegkeeten

Comaneci – déi aner Säit vun der Medail

Mat sengem Titel „Nadia si Securitatea“ erzielt de rumäneschen Auteur

Iran: no 40 Joer sinn nees Fraen am Stadion erlaabt
Neiegkeeten

Iran: no 40 Joer sinn nees Fraen am Stadion erlaabt

Bal 40 Joer laang war et am Iran de Fraen

Kreativ Aktivitéiten, Ouschterfilmer an Evenementer: Eis Tipps fir Ouschteren 2021
Neiegkeeten

Kreativ Aktivitéiten, Ouschterfilmer an Evenementer: Eis Tipps fir Ouschteren 2021

Un Ouschteren gëtt d’Operstéiung vu Jesu Christi gefeiert an ass

Ee Mindestloun a bezuelten Iwwerstonnen!

Petitioun 1783: Fir ee Recht op ee soziaalt a stabilt Liewe fir déi Beschäftegt aus dem Taxi-Secteur

Ee Mindestloun a bezuelten Iwwerstonnen!

Mat senger Petitioun 1783 – si ass de 24. Februar an der Kommissioun ugeholl ginn – wëll de Petitionnaire Francisco Relvão, datt zukünfteg d‘Salariéeë vum Taxi-Secteur de qualifizéierte Mindestloun an hir Iwwerstonne bezuelt kréien.

D‘Motivatioun vum Petitionnaire, fundéiert op dem zukünftege Gesetz, mat deem d‘Präisser am Secteur fir de Client nees soll méi attraktiv, also méi bëlleg ginn. Dat schaaft méi Konkurrenz, an imposéiert, datt och d‘Salaire berécksiichtegt ginn. Dofir dann och d‘Fuerderung nom qualifizéierte Mindestloun, an deem och mussen d‘Iwwerstonne vun de Mataarbechter berécksiichtegt ginn.

Vu datt de Chauffer muss eng speziell Formatioun maachen, zu där och eng Qualifikatioun als „Secouriste“ gehéiert, kann dës Moossnam derzou bäidroen, méi Aarbechtsplazen an dësem Secteur ze schafen, an et géif esou och ee Bäitrag zur psychologescher Stabilitéit vun dëse Salariéeë geleescht ginn. Et muss een nämlech wëssen, datt et aktuell kaum Regulatioune fir d‘Chauffere gëtt.

Et ass, esou zumindest dem Francisco Relvão säin Argument, den Ament esou, datt de Salaire vun den Taxi-Chaufferen iwwert den Ëmsaz berechent gëtt. Dat féiert zu onendleche Stonne Presenz an d‘Deeg huele keen Enn. Et sollt een awer Bedenken datt vill vun dëse Chaufferen en Famill a Kanner hunn, an en Usproch – wéi all déi aner beschäftegt am Land – op ee Familljeliewen hunn.

Ugesiichts dem Fait, datt déi modern Technologië vill Opportunitéite bidden (et kann ee säin Taxi haut bequem am Internet reservéieren) wier et duerchaus ginn, dës Garantie fir d‘Salariéeën ze schafen. Et ass haut méiglech, previsibel ze schaffen, an esou d‘Aarbechtszäit entspriechend ënner Kontroll ze behalen. De Petitionnaire weess och, datt et dann eppes Encouragement bréicht.

Fir d‘Patrone vun de Sënnhaftegkeet ze iwwerzeegen, esou de Francisco Relvão, sollt et dann och eng Subventioun ginn, déi d‘Betriber ermontere géif d‘Präisser no Ennen unzepassen. Eng Mesure déi jo dann och ee Bäitrag leeschte géif, d‘Mobilitéit am Land ze verbesseren. Dës Petitioun kann een um Site vun der Chamber nach bis den 8. Abrëll 23.59 Auer online ënnerschreiwen.

Illustratioun: © Lexi Anderson / unsplash

Related topics Francisco Relvão, Iwwerstonnen, Mindestloun, Petitioun 1783, Taxi
Next post Previous post