Search

You may also like

Editorial: Hongereg Kanner zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Editorial: Hongereg Kanner zu Lëtzebuerg

Et ass an et gëtt nach ëmmer vill iwwert den

De „JIF“ rifft d‘Fraen zu Lëtzebuerg zum Streik op
Neiegkeeten

De „JIF“ rifft d‘Fraen zu Lëtzebuerg zum Streik op

Wat se genee op dësem Dag geplangt hunn, dat gouf

POST Lëtzebuerg a Fairtrade: En agespillten Team
Neiegkeeten

POST Lëtzebuerg a Fairtrade: En agespillten Team

Zënter November 2020 droen d‘POST-Kollaborateuren an der Vente Fairtrade-zertifiéiert Aarbechtskleedung.

Taxi a VLC: Folgend Upassunge sollen 2022 a Kraaft trieden

Taxi a VLC: Folgend Upassunge sollen 2022 a Kraaft trieden

De Regierungsrot huet en Avant-Projet ugeholl, deen d’Gesetz vum 5. Juli 2016 zur Taxireform ännere soll. Nodeems de Service an der Praxis verschidde Schwächten opgewisen huet, sollen dës duerch d’Upassungen opgehuewe ginn. Zil vun der Reform war et, d’Konkurrenz am Secteur ze stäerken zum Profit vum Client.

D’Ännerunge bezéie sech dobäi duerch hir Ähnlechkeet bei der Offer souwuel op den Taxiservice, wéi op d’Locatiounsautoe mat Chauffeur (VLC). Trotzdeem wäert kloer tëscht béide Servicer ënnerscheet ginn. Zu folgenden Ännerungen soll et soumat kommen:

All Taxi kann um gesamten Lëtzebuerger Terrain agesat ginn: Lëtzebuerg war a 6 Zonen agedeelt, déi elo ewechfalen. D’Virdeeler sinn, datt esou méi schnell op eng Demande reagéiert ka ginn, net esou vill eidel Taxien ënnerwee sinn, d’Offer fir de Client méi grouss ass a besser op Reklamatiounen reagéiert ka ginn.

Keng Limitatioun méi bei ausgestallten Lizenzen an Ënnerscheedung tëscht ordinärer an emissiounsfräier Lizenz: Duerch dës Moossnam soll d’Konkurrenz gefërdert ginn, wat sech schlussendlech op d’Präisser auswierkt. D’Liberaliséierung erméiglecht et de Fuerpark besser ze geréieren a Funktioun vun der ekonomescher Situatioun um Maart. Wärenddeem bezéie sech d’Ëmwelt-Kritären net méi op e jeeweilegt Gefier, mee ob de ganzen Ensembel, sou datt CO2-Emissioune vun den Taxien a VLC’en reduzéiert ginn.

Extensioun vum legale Kader vir Locatiounsautoe mat Chauffeur (VLC): D’Reegele fir VLCen ginn un déi vum Taxi ugepasst, wouduerch de Secteur fir nei Acteuren opmécht. Déi essentiell Aarbechtsrechter an d’sozial Sécherheet kënne besser applizéiert ginn, wärend et awer kloer Ënnerscheeder tëscht dem Service Taxi a VLC gemaach gëtt. Wärend en Taxi spontan bestallt a genotzt ka ginn, muss esou e VLC am viraus mat Datum an Auerzäit reservéiert ginn.

En obligatoreschen Exame fir d’Chauffeuren: Fir d’Qualitéite vun de Servicer (Taxi a VLC) ze verbesseren, soll beim Gesetzesprojet en obligatoreschen Exame fir all neie Chauffeur agefouert ginn. De maximalen Alter vum Chauffeur gëtt op 70 Joer fixéiert.

Dës weideren kënnt et zu folgenden Upassunge bei de Rechter a Flichten:

  • Dem Chauffeur ass et net erlaabt am Gefier ze fëmmen, souwuel wärend dem Service a wa kee Client present ass;
  • All Chauffeur muss d’Bezuelung mat Kaart akzeptéieren. Ass den Apparat futti, muss de Chauffeur de Client ouni weider Käschten bei e Bankomat bréngen;
  • D’Beleeger kënnen iwwert den elektronesche Wee iwwermëttelt ginn;
  • D’Notioun vum kierzten Trajet gëtt ersat duerch den ekonomesch virdeelhaftsten Trajet fir de Client.

D’Presentatioun vun den Taxien bleift onverännert. Par Konter mussen d’Locatiounsautoe mat Chauffeuren eng Identifikatiounsplackett am viischte Beräich op der lénker a rietser Säit vun der Karosserie opweisen. Och de VLCen gëtt d’Reklamm erlaabt. Dobäi muss awer kloer ersiichtlech sinn, datt et sech net ëm en Taxi handelt.

Dat geännert Gesetz soll um 1. Januar 2022 a Kraaft trieden.

Den detailléierten Dossier fannt Dir HEI.

Opmaacherfoto: © Alex Rainer / Unsplash

Related topics CO²-Emissiounen, Gesetz vum 5. Juli 2016, Liberaliséierung, Lizenz, Locatiounsauto mat Chauffeur, Regierungsrot, Taxi-Reform, Taxispräisser, Transport
Next post Previous post