Search

You may also like

Retour an d’Schoul, nëmmen ënnert enger Konditioun!
Neiegkeeten

Retour an d’Schoul, nëmmen ënnert enger Konditioun!

Zënter dem 16. Mäerz sinn d’Schoulen zou an d’Schüler goufen

What the Fakt – D’Geschicht vum Rock am Ring!
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Geschicht vum Rock am Ring!

Haut ass den Optakt vun der 32. Editioun vum Rock

#liesenassgesond – Eng Campagne fir Äre Lies-Honger ze stëllen
Neiegkeeten

#liesenassgesond – Eng Campagne fir Äre Lies-Honger ze stëllen

Eng nei Campagne vum Educatiounsministère soll d’Ëffentlechkeet dozou encouragéieren de

D’Taxie plënneren op d’Place de la Constitution

D’Taxie plënneren op d’Place de la Constitution

De Stater Gemengerot huet decidéiert, d’Taxie vun der Rue Notre-Dame op d’Place de la Constitution ze verleeën. Dës Entscheedung gouf getraff, fir datt Caféën a Restauranten hir Terrasse virun den Etablissementer notze kënnen, sou datt de Secteur vun der Horesca weider ënnerstëtzt ka ginn.

Esou informéiert d’Stad Lëtzebuerg, datt ab e Mëttwoch, de 17. Juni 2020 d’Taxien op der Konstitutiounsplaz ze fanne sinn. D’Liwwerzonen an der Rue Notre-Dam bleiwen déi selwecht, wéi virdrun.

An dësem Kader erënnert een drun, datt zënter Ufank Juni 2020 och Taxien an der Rue Willy Goergen zur Verfügung stinn. Dës Plaze goufen elo bäigefüügt, fir d’Offer an der Haaptstad ze optimiséieren.

Opmaacherfoto © Lexi Ruskell / Unsplash

Related topics Deplacement, Konstitutiounsplaz, Place de la Constitutioun, Rue Notre-Dame, Stad Lëtzebuerg, Taxi, VDL
Next post Previous post