Search

You may also like

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren
International Neiegkeeten

Keng Verwaltungshaft fir Mineuren

Um Donneschdeg ass et an der Chamberssëtzung wuel haaptsächlech ëm

Lëtzebuerger Esport: D’LGX Arena fuerdert seng Gamer eraus!
International Neiegkeeten

Lëtzebuerger Esport: D’LGX Arena fuerdert seng Gamer eraus!

Am Géigesaz zum traditionelle Sport, bitt Esports d’Méiglechkeet einfach op

surprise
Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach
International Neiegkeeten

Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach

Eis konservativ Europadeputéiert Viviane Reding (PPE/CSV) huet es zwar net

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”

D’adr an d’Piraten hu mam Datum vum 15. November 2018 decidéiert an der Chamber fir d’Dauer vun dëser Legislaturperiod zesummen en “technesche Grupp” ze constituéieren.

Dës Optioun ass am Reglement vun der Chamber virgesinn an erlaabt et deenen Deputéierten, respektiv politesche Sensibilitéiten, déi an esou engem Grupp vertruede sinn, hir Aarbecht an der Chamber ze optiméieren.

Dësen “technesche Grupp” bedéngt keng politesch Zesummenaarbecht tëschent deene bedeelegte Parteien, déi allebéid hir voll politesch Onofhängegkeet behalen. D’Koordinatioun vun dësem Grupp, esou wäit se fir déi net politesch Aarbecht noutwenneg ass, gëtt tëschent deenen zwou Parteien, proportional zu der Zuel vun hiren Deputéierten, opgedeelt.

D’adr assuréiert dës Koordinatioun während deenen éischte 40 Méint vun der Legislaturperiod, d’Piraten iwwerhuelen déi 20 Méint dono.

Matgedeelt vun der adr an de Piraten

Related topics adr, Chamber, Kooperatioun, Piraten, technesche Grupp
Next post Previous post