Search

You may also like

Teletravail a Sozialversécherung: Verlängerung vum Accord bis Juni 2021
Business Neiegkeeten

Teletravail a Sozialversécherung: Verlängerung vum Accord bis Juni 2021

Am Kampf géint de Covid-19 bleift den Teletravail fir Residenten

Zu Besuch um Härebierg
Business Neiegkeeten

Zu Besuch um Härebierg

Um Méindeg waren de Staatsminister Xavier Bettel (DP) an de

E besuergten Direkter
Business Neiegkeeten

E besuergten Direkter

Datt et dem Tom Wirion, Direkter vun der Handwierkerkummer (CDM)

Techtelmechtel tëscht Premier an Alphabet

Net alles wat d‘Regierung mat Google esou dreift ass geheim, woubäi...

Techtelmechtel tëscht Premier an Alphabet

Op den 1. Juli hat de Premierminister Xavier Bettel eng virtuell Entrevue mam Sundar Pichai, dem Generaldirekter vun Alphabet, dem Mammenhaus vu Google. Heibäi si villfälteg Themen ugeschwat ginn, wéi beispillsweis d‘Importenz vun den numeresche Kompetenzen am Kader vun der wirtschaftlecher Relance. Déi soll nohalteg an inklusiv sinn.

Alphabet

Zudeem ass Lëtzebuerg eng „digital Natioun“ an de Premier wëll och datt mir weiderhin ee Leader am Numeresche bleiwen, an esou och allgemeng zur Stäerkung vun der Resilienz no der Pandemie bäidroen. An dësem Kontext soll et zu engem weidere Partenariat mat Google kommen, dat elo am Beräich vun der online Aus- a Weiderbildung. Et goung also och hei nees ëm Geld a Verträg…

Interessant an dësem Kontext, d‘Lizenze fir de „Google Career Certificate“, déi – wann et richteg verstane ginn ass – „zur Verfügung gestallt“ ginn. Et geet dobäi drëms datt Leit op der Sich no enger Aarbecht hir digital Kenntnisser perfektionéiere kënnen. Verdeelt ginn dës Lizenzen da vun der Uni-Lëtzebuerg (also hirem Kompetenzzenter) mat der Ënnerstëtzung vun: ADEM, ONA an ONI.

En Hoken? Wou denks de hin?

Lizenze vum Programm „Grow With Google“ sollen et klengen a mëttleren Entreprisen (PME) erméiglechen sech fir den elektroneschen Handel an de Marketing ze rëschten. Hei ass de Partner d‘Handelskummer, déi sech iwwert d‘Haus vum Entreprenariat abréngt. Kléngt wéi wann dat alles eng „gutt Affär“ wier déi Lëtzebuerg do géif maachen, an och den Alphabet-Chef hat eppes derbäi.

De Sundar Pichai huet fir Mënschen aus defavoriséierte Milieue 500 Studiëbourssen annoncéiert. 250 dovunner gi vun der Uni-Lëtzebuerg iwwert de Kompetenzzenter ausginn, déi aner iwwer „google.org“. Hien huet angeblech och versprach 2.000 kleng a mëttel Betriber mat eben dem online Handel a Marketing ze familiariséieren. Dat alles wéi gewinnt ouni pekuniär Interessen.

Et huet hei absolut kee Zesummenhang mam Datenzenter an sengem geheime Vertrag, et ass wuel och keng Verbindung mat der geplangter „Mindeststeier“ ze fannen an et dierften nach weider gutt Opportunitéite fir weider gemeinsam Projeten ze entwéckelen op eis duerkommen. Flott an dësem Kontext ass jo och, datt eis Date bei den Amerikaner a sécheren Hänn sinn. Si sinn déi Gutt…

Illustratioun: © PhongDuong / unsplash

Related topics ADEM ONA, Alphabet, Digital Natioun Lëtzebuerg, Google, Handelskummer, Haus vum Entreprenariat, Marketing, ONI, online Handel, Regierung, Sundar Pichai, Uni-Lëtzebuerg, Xavier Bettel
Next post Previous post