Search

You may also like

EU: Elo awer e Kommissärsposte fir de Nicolas Schmit?
International Neiegkeeten

EU: Elo awer e Kommissärsposte fir de Nicolas Schmit?

Eigentlech wollt déi nei EU-Kommissiounspresidentin eréischt um Mëttwoch déi ganz

Direktiounsekipp vum CHEM steet
International Neiegkeeten

Direktiounsekipp vum CHEM steet

Um Dënschdeg hunn de Verwaltungsrotspresident vum Spidol Emil Mayrisch (CHEM),

surprise
ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

ALEM: Hu mir genuch Dokteren zu Lëtzebuerg?

D‘Vertrieder vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Medezinsstudente (ALEM) gesi

Teheran hëlt säin Atomprogramm nees op

Et géif u modernen a séieren Zentrifuge geschafft huet déi iranesch Atomorganisatioun matgedeelt

Teheran hëlt säin Atomprogramm nees op

D‘USA a Russland hunn en neien Atomwaffenentwécklungsprogramm, China hat säin ni opginn an Nordkorea wëll säin och net opginn. Firwat sollen et grad d‘Iraner sinn, déi mam gudde Beispill vir ze goen hätten. Si haten sech schliisslech un d‘Ofkommes gehalen. Elo hëlt d‘AEOI sengersäits och nees d‘Entwécklung vun Atomwaffen op.

Zu Teheran huet de Spriecher vun der iranescher Atomorganisatioun (AEOI), Behrus Kamalwandi, awer wäert drop geluecht, eng gewëssen Transparenz oprecht ze erhalen: „D‘Zesummenaarbecht mat der internationaler Agence fir Atomenergie (IAEA) wäerte mir an dëser Phas weiderféieren an och den Zougang vun den IAEA-Inspekter gëtt net ageschränkt“.

TeheranUgesiichts den US-Sanktiounen an dem erkläerte Wëllen am Iran e Regimewiessel erbäizeféieren, huet sech Teheran schrëttweis aus deem vun den USA opgeléisten Atomvertrag vun 2015 zréckgezunn. Et ass dann elo déi „drëtt Phas“ déi soll ageleet ginn. Um Freideg hat de President Hassan Rohani d‘AEOI beoptraagt alles an d‘Wee ze leede wat fir den „Ausbau“ noutwenneg ass.

Rieds ass hei vu „séieren Zentrifugen“ mat deenen d‘Fuerscher d‘Uräicherung vum Uran op 20% erhéije kéinten. Wéi d‘Atomofkommes nach Bestand hat, war sech op eng Uewergrenz vun 3,67% festgeluecht ginn. Déi hat Teheran dann awer scho virun zwee Méint iwwerschratt, nodeems vun der iranescher Atomorganisatioun d‘Uräicherung op 4,5% erhéicht ginn ass.

Teheran

cc by-sa 3.0

D‘Uräicherung war dann och ee vun de Schlësselparagraphen am Atomofkommes, mat deem sollt verhënnert ginn, datt sech den Iran mat enger Atomwaff ausstafféiert. Fir eng Atombomm ze baue brauch 90% ugeräicherten Uran. Laut dem haidege Kenntnisstand, ass et vun 20% op 90% e relativ „kuerze Wee“. An et heescht datt den Iran seng Reserv un Uran vun 300 op 357 Kg erhéicht huet.

mat indymedia/tlv

Foto: Den iranesche President Hassan Rohani (l) an de Chef vun der AEOI, Ali Akbar Salehi zu Bushehr. Den USA ass et bis ewell net gelongen Verhandlunge mat der iranescher Regierung ze erzwéngen. (cc by 4.0 – Archiv 2015)

Related topics AEOI, Atomprogramm, IAEA, Iran, Teheran
Next post Previous post